Wann et drëm geet dat genee ze moossen, hunn d'Gemenge momentan de Choix tëscht dem System vum Volume an dem System vum Weien. Zil wier et awer, datt d’Gemengen iergendwann all op de System vum Pesage zeréckgräifen, esou d’Interpretatioun vum Emile Eicher, President vum SYVICOL. Souwäit wieren d’Gemengen awer nach net.
Zwee Systemer mat Vir- an Nodeeler
Zil vum neien Offall-Gesetz wier et nach ëmmer, d’Leit ze motivéieren, manner Offall ze produzéieren, esou den Emile Eicher. Vun e Méindeg u muss dowéinst elo all Gemeng erhiewen, wéi ee Stot wéi vill Knascht hannerléisst. Dobäi ännert sech um Pabeier am Prinzip direkt net vill, seet den Emile Eicher.
"Se mussen de Choix Mol fir d'éischt huelen, op se wëllen op d’Gewiicht oder op de Volume verrechnen, an hir Qualifikatioun deementspriechend dann och opbauen."
Beim System vum Gewiicht bezuelen d’Awunner pro Kilo Dreck, dee se an hir sougenannte gro Poubelle, also de Reschtdreck, geheien. Doriwwer eraus erlaabt dee System méi präzis ze evaluéieren, wéi vill Offall produzéiert gouf.
Beim System vum Volume, dee bis ewell a ville Gemenge gëllt, bestellt a bezilt een am Ufank vum Joer eng Tonn, bei där ee fir de Rescht vum Joer bleift. Mam neien Offall-Gesetz sollen d’Gemengen dann encouragéiert ginn, op de System vum Pesage ëmzeklammen, och wann dat net obligatoresch soll ginn. Mee dee Wiessel wier awer mat enger Rei technesche Komplikatioune – an och Käschte - verbonnen, mengt den Emile Eicher.
"Sämtlech Mülltonne musse gechipt ginn. Dat heescht, se mussen alleguer ausgewiesselt ginn. Respektiv datt awer och op de Camionen, déi de Müll asammelen, och eng zimmlech deier Virriichtung op de Pesage muss gemaach ginn. Dann huet sech och erausgestallt, datt dat net ëmmer iwwerall sou ganz einfach ass, well fir ee gesackte Pesage ze maachen, muss de Camion eenegermoosse riicht stoen. Dat heescht, wann dee bësse schif steet, dann ass de Pesage schonn net méi dee selwechten."
Mee och de System vum Volume ass net ëmmer einfach, mengt den Emile Eicher nach weider. Do gëtt et virun allem e groussen Ënnerscheet tëscht de Stied an de Landgemengen.
"Well d’Landgemengen eenzel Poubellen dorëmmer stoen hunn, an de Stied, wou der gréisser Appartementer hutt, do ass de Sammelprinzip. Dat heescht, datt Dir ganz grouss Containeren iergendwou hutt, déi da gesammelt ginn. Deemno ass et hei och bal onméiglech, de Leit matzedeelen, wéi vill Offall si gemaach hunn, sou wéi d’Gesetz dat virgesäit."
Den Emile Eicher betount, datt d’Gemenge Subventioune vum Staat brauchen, fir op de System vum Pesage kennen ëmzeklammen, soss géif déi finanziell Laascht un de Bierger a Biergerinnen hänke bleiwen.