An sengem Bréif, deen hie selwer op X gedeelt huet, huet de Fernand Kartheiser dem Donald Trump seng Ënnerstëtzung zougeschwat an d’Press a sengem Land kritiséiert.
De Fernand Kartheiser bedauert a sengem Bréif un den US-President, datt déi Lëtzebuerger Medien ouni Ausnam eng Zitat “Positioun en Faveur vum Krich” ageholl hätten. D’Parteipresidentin Alexandra Schoos, déi de Bréif bis Mëttwoch net gelies hat, stellt sech op Nofro hin hannert dëse Standpunkt.
"Ech hunn am Moment och nach näischt Géigendeeleges gelies, datt iergendwellech Medie gesot hätten, mir sinn och der Meenung, wéi den Trump, mir mussen zu Negociatioune kommen. A mir mussen och eventuell domat rechne kënnen, datt d’Ukrain Territoire verléiere kéint."
De Misch Pautsch President vun der ALJP, der lëtzebuergescher Journaliste-Associatioun, stellt fest, datt d’ADR mat esou Aussoe géif probéiere Rhetoriken aus den USA ze iwwerhuelen, andeems d‘Press als Feind duergestallt gëtt.
Ze soen “mir si géint de Krich, a fir de Fridden” -dat wier e Saz dee gutt géif klénge, mee komplett a sech géif zesumme fale wann ee bësse méi genee géif kucken, sou de Misch Pautsch.
"Also et gesäit ee ganz kloer, vu wou d'Rhetorik ofgekuckt gëtt. Et gesäit ee Gott sei Dank och, datt se hei zu Lëtzebuergesch net fonctionéiert. An ech kann nëmmen hoffen, datt mir als Lëtzebuerger Press an der Lag sinn, eng Realitéit gebonnen an objektiv Perspektiv drop ze ginn. An ech denken, éierlech gesot, ech hunn d'Vertrauen an eis Lëtzebuerger Lieserschaft, datt déi net op esou bëllege Populismus erafält."
Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser huet dem Donald Trump geschriwwen, hie géif deem seng “Friddensorientéiert Politik” vu ganzem Häerz ënnerstëtzen.
D’Parteipresidentin Alexandra Schoos sot iwwerdeems, datt si keng Bedenken hätt, datt dem ADR-Europadeputéierte säi Bréif un den Donald Trump negativ Konsequenze fir d’Partei kéint hunn. De Fernand Kartheiser hat am Dezember scho vu senger Fraktioun am EU-Parlament op d’Fanger geklappt kritt, well hien an enger russescher Zeitung oppen d‘EU-Sanktioune géint Russland kritiséiert hat.