Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Francophon BD Gréisst Yoann schwätzt iwwert de Franquin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ACEL: d'Bourse soll zwee Mol am Joer un den Index ugepasst ginn

Studentevereenegung

ACEL: d'Bourse soll zwee Mol am Joer un den Index ugepasst ginn

D’Indextranche vum September kënnt bei de Studenten eelef Méint ze spéit un, esou d'ACEL. Ausserdeem bedauert een, datt d’Studentebourse just ee Mol pro Joer un den Index ugepasst géif ginn an dat den éischten August, heescht et op enger Pressekonferenz vun der Studentevereenegung ACEL. 

auto_stories

1 min

D’Indextranche vum September wier also réischt an engem Joer an der Bourse mat berechent. D'ACEL huet dem Bildungsministere proposéiert, datt d’Bourse zwee Mol pro Joer soll ugepasst soll ginn, sou de Vizepresident vun der ACEL Charel Donver:

“Wann déi Upassung schonn ee Mol pro Semester géif stattfannen, da kéint een do déi Nolafzäit reduzéieren op fënnef amplaz vun eelef Méint, wat also scho méi fréi bei de Studente géif ukommen. Dat war eis Propos, déi ass och net verworf ginn. An engem Kader, dee kënnt, kann een dat mathuelen, war d’Äntwert.”

Déi nei Ännerunge vum Stagegesetz vum 15. September géif ee begréissen, sou weider de Charel Donver. Ee Problem wier awer beim Gesetz, wat d’Remuneratioun vu Stagë reegelt, datt een sech vum Bezuele befreie kéint. Do kéim et ëmmer rëm zu Abuse vu Patronen, déi Stagiären net bezuele wéilten.