Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Mountains & Valleys

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ A-Sektioun mat Lëtzebuergesch gëtt falegelooss

Pilotprojet am Lycée Michel Rodange

A-Sektioun mat Lëtzebuergesch gëtt falegelooss

De Pilotprojet fir am Lycée Michel Rodange eng A-Sektioun mat Lëtzebuergesch als véiert Sprooch anzeféieren, amplaz Spuenesch oder Italieenesch, ass näischt ginn a wäert deemno falegelooss ginn. Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch an enger parlamentarescher Fro vun der ADR.

auto_stories

1 min

Klassesall | © Bigstock
Foto: Bigstock

Dee Pilotprojet war fir d‘Schouljoer 2022-23 lancéiert ginn, mee et hätten net genuch Schüler sech dofir intresséiert. Déi Sektioun ass am Michel Rodange ni agefouert ginn, an et wier och net geplangt, se op weider Lycéeën auszedeenen.

Lëtzebuergeschen net attraktiv genuch

De Grond wier awer net, datt et keen Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch géif ginn. Dat hätt aner Ursaachen. Engersäits géifen allgemeng ëmmer manner Schüler op A goen, an anerersäits hätt sech am Gespréich mat de Schüler erwisen, datt si léiwer eng nei Sprooch léieren.

D‘Schüler géifen och fannen, datt déi berufflech Perspektive mam Lëtzebuergeschen net attraktiv genuch sinn.