Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
search

/ A Kanada sinn den 28. Abrëll Neiwalen

International

A Kanada sinn den 28. Abrëll Neiwalen

Den neie kanadesche Premier Mark Carney huet den Datum vun den Neiwalen annoncéiert. D'Generalgouverneurin gouf beoptraagt, d'Parlement opzeléisen.

auto_stories

1 min

Mark Carney | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
Mark Carney (Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)

D‘Neiwale kommen zur Zäit wou Kanada mat engem Handelskrich mat den USA konfrontéiert ass a mam Opruff vum US President Donald Trump, datt Kanada Deel vun den USA misst ginn. 

De Mark Carney, vun der liberaler Partei, leent dat kategoresch of. Hie gouf virun eppes méi wéi enger Woch Successeur vum Justin Trudeau, deen als Premier demissionéiert hat. 

Déi Liberal hunn den Ament keng Majoritéit am Parlament. Déi Konservativ louchen an de leschten zwee Joren an de Sondagë vir, mee hunn an der Lescht un Ënnerstëtzung verluer.