Réckbléck op d’Resultat vun de Sozialwalen am Mäerz viru fënnef Joer: Deemools hat e joerzéngtelaangen Negativ-Trend sech op en Neits confirméiert. Ëmmer manner Leit si Member an enger Gewerkschaft, deementspriechend ass och d’Representativitéit vun de grousse Syndikater ëmmer weider gefall: Den OGBL war 2019 zwar stäerkste Kraaft am Privatsecteur bliwwen, hat awer weider Verloschter gemaach a koum op ronn 23 Prozent vun den Delegéierten an de Betriber.
An der Chambre des salariés koum den Onofhängege Gewerkschaftsbond op 35 Sëtz. Den LCGB als zweetstäerkste Kraaft hat dem OGBL der dräi ofgeholl a koum op 18 Mandater. Bei de Betriber waren awer just knapp 14 Prozent vun de gewielten Delegéierte Member vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond.
Si Gewerkschaften nees am Opschwong?
Rezent hätten d’Gewerkschaften awer nees en Opschwong erlieft, mengt den Adrien Thomas, deen um LISER iwwer Syndikalismus fuerscht. Hie weist op déi vill Streikbeweegungen hin, déi een net nëmmen hei am Land geséich, mee europawäit a bis an d’USA.
"Déi warscheinlech och domat ze dinn huet, datt d’Beschäftegt duerch de Fachkräftemangel, deen sech a ville Länner bemierkbar mécht, méi eng staark Verhandlungspositioun hunn. Dat heescht, datt d’Employeuren och méi e staarkt Interesse hunn, fir hir Beschäftegt ze halen an och op de Wee vu Gehaltserhéijungen ze goen."
Mee wäert dat schonn een Impakt hunn op d’Representativitéit vun de Gewerkschaften an de Betriber? 2019 ware 57 Prozent vun de Personaldelegéierte gewerkschaftlech onofhängeg ënnerwee. Nëmmen nach 28 Prozent vun de Salariéen hei am Land wieren iwwerhaapt nach Member an enger Gewerkschaft. Kann deen Trend ëmgekéiert ginn? Et ass ee vun de groussen Enjeue vun dëse Sozialwalen, mengt den Adrien Thomas.
"Woubäi een allerdéngs muss soen, datt an deene grousse Betriber d’Zuel vun de sougenannten neutrale Kandidate méi geréng ass. Dat heescht, d’Phänomen vun den neutrale Kandidaten, déi net vun enger Gewerkschaft presentéiert ginn, ass virun allem e Phänomen a klengen a mëttelgrousse Betriber."
A bestëmmte Secteure wieren d’Gewerkschaften traditionell souwisou méi schwaach representéiert.
"Zum Beispill an der Restauratioun, der Hotellerie, a ville Beräicher vum Secteur des services. An dann ass et natierlech och ëmsou méi schwéier fir Kandidaten ze fannen. Mee déi Schwieregkeet, fir Kandidaten ze fannen, mengen ech, trëfft awer net zou op d’Elektioune vun der CSL, well do muss ee jo och net souvill Kandidaten opstellen an do ass de Pool och zimmlech grouss vun de potentielle Kandidaten."
Spannend gëtt et beim Participatiounstaux
Eng grouss Erausfuerderung wier hei de Participatiounstaux, dat heescht d’Unzuel u Leit, déi hir Stëmm ofgi fir d’Vertrieder vun der Salariatskummer ze wielen. D’Pensionären a jiddereen, deen hei am Land schafft, dierf wielen. Dat entsprécht ganz genee 616.754 Wieler, krute mir op Nofro bei der ITM confirméiert. Méi wéi duebel souvill wéi bei de Chamberwalen, a ronn 90.000 méi wéi 2019. Deemools haten awer nëmmen 32 Prozent, also grad emol knapp 170.000 Persounen, tatsächlech vun hirem Stëmmrecht Gebrauch gemaach, geet aus engem Rapport ervir, deen de LISER rezent fir d’CSL gemaach huet.
"Dat ass eng Bedeelegung, déi säit 1993 kontinuéierlech erofgeet. Et ass och eng Participatioun un der Wal, déi besonnesch schwaach ass bei de Frontalieren, wou ee bei 24 Prozent just läit, a bei den Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, wou ee bei 27 Prozent läit. An dat mengen ech ass eppes, wat wierklech eng Erausfuerderung ass fir dës Sozialwalen, fir ze kucken, op déi Zuel erëm kann e bësse ropgedréckt ginn, datt d’Bedeelegung méi grouss gëtt."
Beim Volet Chambre des salariés géing et donieft haaptsächlech ëm d’Kräfteverhältnis tëscht deenen zwou grousse Gewerkschaften, déi verschidde gewerkschaftlech Traditiounen erëm spigelen.
"Mam OGBL, dee méi eng konfrontationell Approche hëlt, déi een och gesinn huet wärend der Tripartite am Mäerz 2022, an och mat der Presidentin vum OGBL, déi den OGBL viru kuerzem als éischt Oppositiounskraaft zur Regierung positionéiert huet."
Fusiounen an nei Ambitiounen
Mee och sektoriell kéint et spannend ginn, betount de LISER-Fuerscher: De Landesverband huet op den 1. Januar mam OGBL fusionéiert. Domat huet den Onofhängege Gewerkschaftsbond elo och de Fouss, mat weideren zwee Mandater, am Grupp 8 vun den Eisebunner. Den drëtte Sëtz huet d’Syprolux, déi viru knapp engem Joer e Kooperatiounsaccord mam LCGB ënnerschriwwen hat.
"Wou sech dann d’Fro stellt, op déi Fusioun effektiv och wäert erfollegräich sinn am Secteur vun der Eisebunn."
Intressant kéint och d’Resultat vun der Aleba ginn, der Gewerkschaft vun de Salariéen aus dem Finanzsecteur. Seng véier Mandater an der Salariatskummer hat de Syndikat 2019 zwar behalen, d’Majoritéit am Secteur allerdéngs ganz knapp, ëm 0,8 Prozentpunkte verluer. An domat d’Recht oferkannt kritt, fir Kollektivverträg bei Banken an Assurancen eleng ze ënnerschreiwen.
"Dës Kéier huet d’Aleba jo d’Ambitioun fir sech méi breet opzestellen a sech och als eng Gewerkschaft duerzestellen, déi och intersektoriell iwwer de Finanzsecteur eraus aktiv ass. An dat ass dann eng vun de Froen, déi sech stellen, fir ze kucken, a wéi wäit se domat wäert Erfolleg hunn. Woubäi allerdéngs d’Erfarunge vun deene leschten dräi bis véier Joerzéngte weisen, datt et schwéier ass, sech ze behaapte géint d’Konkurrenz vum OGBL a vum LCGB, op d’Mannst an deenen allgemenge Secteure vun der Ekonomie, wann et erausgeet aus dem Finanzsecteur."
Iwwer déi lescht Joerzéngten hätt et ëmmer méi eng Zentraliséierung gi ronderëm déi zwou gréisste Gewerkschaften aus dem Privatsecteur, präziséiert den Adrien Thomas. Fir kleng Syndikater wier et schwéier, fir déi néideg Expertisen a Kompetenzen opzebauen, fir sech géint d’Konkurrenz duerch ze setzen an a Verhandlungen dat néidegt Gewiicht mat un den Dësch ze bréngen. Op der Aleba dat geléngt, wäert sech den 12. Mäerz weisen.
D'Lëschtenummere sti fest
An alle Betriber mat méi wéi 15 Mataarbechter ginn also den 12. Mäerz d’Personaldelegatioune gewielt. Dat wärend der Aarbechtszäit. Seng Stëmm ofginn dierf jiddereen, deen zanter op d’Mannst sechs Méint duerch e Kontrakt un d'Entreprise gebonnen ass an op d’Mannst 16 Joer huet. D’Vertrieder vun der Salariatskammer ginn iwwer d’Bréifwal gewielt.
D’Lëschtennummere fir d’Sozialwale stinn zanter Mëtt November dann och scho fest: den LCGB huet d’Lëscht 1, den OGBL d’Lëscht 2, d’ALEBA d’3, d’FGFC d’4 an de Syprolux d’Nummer 5. D’Lëscht 6 ass fir den SEA, den NGL-SNEP d’7, de CLSV d’8 an den Neutrale Verband Gemeng Lëtzebuerg N.V.G.L krut d’Nummer 9.