Iwwer de ganze Päischtweekend verdeelt huet d’Police um Stauséi 87 Protokoller wéinst Falschparke geschriwwen. D’Kontrolle ware virdru schonn annoncéiert ginn.
Nieft de Verstéiss beim Parke goufen och dräi Persoune protokolléiert, déi illegal Feier gemaach haten. Zwee Leit haten onerlaabterweis en Hond dobäi, an eng weider Persoun gouf wéinst illegalem Cannabiskonsum protokolléiert.
D’Police huet schonn ugekënnegt, datt och an den nächsten Deeg an um kommende Weekend nees kontrolléiert gëtt.
Vill Touristen an der Stad iwwer Päischten
Och an der Stad Lëtzebuerg war iwwer de verlängerte Weekend vill Aktivitéit. De Luxembourg City Tourist Office schwätzt vun engem Summer, dee sech villverspriechend ugekënnegt.
Tëschent Freideg a Méindeg hunn 1.788 Visiteuren den LCTO-Büro opgesicht. An d’Kasematte goufen an där Zäit 5.775 Leit gezielt.
Héich Nofro fir guidéiert Visitten
Besonnesch d’Visites guidéeën hu vill Leit ugezunn. Un insgesamt 64 guidéierte Visitten hunn 991 Persounen deelgeholl.
D’Zuelen ënnersträichen déi héich touristesch Aktivitéit iwwer de Päischtweekend – souwuel an der Natur ronderëm de Stauséi wéi och an der Stad Lëtzebuerg.