Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Manner Hospitalisatiounen: 84 Prozent vun de Puppelcher goufe géint RSV geimpft

RS-Virus

Manner Hospitalisatiounen: 84 Prozent vun de Puppelcher goufe géint RSV geimpft

84 Prozent vun de Puppelcher, déi dëse Wanter op d’Welt komm sinn, goufe géint den RS-Virus geimpft. Dat geet aus engem Rapport ervir, dee vum CHL, der Kannerklinik an der Santé publizéiert gouf. Dat huet dozou gefouert, datt d’Hospitalisatioune wéinst Bronchiolite-Fäll am Verglach zum Joer virdrun däitlech erof gaange sinn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Der Expertin fir Infektiounskrankheete bei Kanner, der Dokter Isabel de la Fuente, ass dat de Beweis, datt d’Impfung d’Verbreede vum Virus ausbremse kann.

Lëtzebuerg ass ee vun deenen éischte Länner an Europa, dat Zougank huet zu dëser neier Impfung géint den RS-Virus speziell fir kleng Kanner. Duerch d’Immuniséieren duerch den neien “Beyfortus” soll de Risiko fir eng Hospitalisatioun ëm 80 Prozent erofgoen.

Impfung géint RSV funktionéiert anescht wéi aner Impfungen

Zil vun der Impfcampagne, déi am Hierscht lancéiert gouf, war et, datt Neigebuerener geschützt sinn, sou bal si aus der Maternité erauskommen. Dëst geet ëmsou besser, well den neien Traitement aneschters wéi aner Impfstoffer wierkt erkläert d’Dokter Isabel de La Fuente.

“On administre directement les anticorps, ce sont des anticorps monoclonales. Et donc, c’est ce qu’on appelle un produit d’immunisation. Ce qui fait que les bébés ne doivent pas réagir comme pour un vaccin. Ils reçoivent de façon passive l’anticorps et ils sont directement protégés.”

No der uerger Infektiounswell vu virun engem Joer, an där 232 Neigebuerener ënner 6 Méint wéinst Bronchiolitten hu missen hospitaliséiert ginn, huet den neie Vaccin dozou bäigedroen, datt dës Zuel dëse Wanter op 72 erofgaangen ass. Déi Kanner, déi trotz Impfung eng Otemwee-Infektioun kruten, haten een däitlech méi liichte Krankheetsverlaf.

Keng Niewewierkunge festgestallt

Ronn 80 Prozent vun de Puppelcher, déi dëse Wanter mat enger Bronchiolite op d’Intensivstatioun misste waren net geimpft:

 “En gros, on a vu moins d’hospitalisations, moins de cas sévères, moins d’oxygène, moins de soins intensifs. Et ça avec une très belle acceptabilité des parents. Chez nous, à la maternité, au CHL 94 % des nourrissants ont reçu cette immunisation. Donc, c’est une acceptabilité assez extraordinaire. Et en plus, on a vu qu’il y a eu une très bonne tolérance du médicament, donc on n'a eu aucun effet secondaire grave qui a été notifié. Et les bébés ont très bien toléré cette immunisation.”

D’Dokter Isabel de la Fuente kuckt deemno och optimistesch an d’Zukunft: et gouf schonn een neien Impfstoff autoriséiert, deen déi schwanger Frae kréie kënnen, fir d’Antikierper iwwer d’Plazenta den nach net gebuerene Kanner weiderzeginn.

Lauschterenplay_arrow