Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - As Many Birds Flying

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 8.200 Transaktiounen a kuerzen Ofstänn op Honnerte Konten weltwäit

De Parquet deelt mat

8.200 Transaktiounen a kuerzen Ofstänn op Honnerte Konten weltwäit

D‘Lëtzebuerger Justiz geet am Dossier Finanzbedruch bei der Caritas weiderhin der Pist vum „Fraude au président“, also engem externe Bedurch, no. Dat mellt de Parquet an engem Communiqué . 

auto_stories

1 min

Caritas Logo | © Jo Diseviscourt
Foto: Archiv

Am Laf vun der Enquête wiere bis ewell iwwer 8.200 Transactiounen identifizéiert ginn. Déi wieren a ganz kuerzen Ofstänn gemaach ginn, heescht et. An dat op Honnerte Konten an enger ganzer Rëtsch vu Staate weltwäit. Dat géif de Verdacht vun engem Grupp vu Brigangen oder enger krimineller Organisatioun, déi an de Bedruch verwéckelt wier, verstäerken. 

D‘Lëtzebuerger Autoritéiten hätte ronn 15 Ufroen un hir auslännesch Homologen adresséiert fir Ënnerstëtzung ze kréien. D‘Äntwerte wieren ausschlaggebend fir d‘Enquête. Et wier keng weider Persoun, nieft der fréierer Finanzdirektesch, inculpéiert ginn. An et kéint net mat Sécherheet gesot ginn, ob een Deel vun den 61 Milliounen déi béid der Caritas ënnerschloe goufen, erëm recuperéiert kéinte ginn, oder net.