arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 8 Milliarden Euro manner wéi ufanks proposéiert: EU-Staaten eenege sech op Budget

Europäesch Unioun

|
reading time

1 min

8 Milliarden Euro manner wéi ufanks proposéiert: EU-Staaten eenege sech op Budget

D'EU-Memberstaate striewen ee gemeinsame Budget vu knapp 192 Milliarden Euro fir d'nächst Joer un. Dat si ronn 8 Milliarde manner wéi d'EU-Kommissioun nach proposéiert hat. De Conseil huet sech gëschter Owend zu Bréissel dorop gëeenegt.

reading time

1 min

© picture alliance / Zoonar | Berit Kessler
(Foto: picture alliance / Zoonar | Berit Kessler)

Mat deem Budget kéint een déi wichtegst EU-Programmer finanzéieren an op Krise reagéieren, heescht et. Dozou géifen ënner anerem d‘Kricher an der Ukrain an am Noen Oste gehéieren, mee och d‘Migratioun.

Dëse Budget fir d‘nächst Joer ass dee siwenten an domat leschten am Kader vum pluriannuelle Finanzkader fir den Zäitraum 2021 bis 2027.

Oneenegkeet iwwer russesch Sanktiounen

D'EU-Memberstaaten halen iwwerdeems virleefeg um Präisdeckel fir russesche Pëtrol fest. Deemno gëtt déi eigentlech automatesch Upassung vun deem Präisdeckel nach eng ganz Woch ausgesat. Dorop goufe sech d‘Vertrieder:inne vun den EU-Memberstaate gëschter zu Bréissel eens.

Gläichzäiteg gëtt zu Bréissel awer nach weider iwwer de geplangten 21. Sanktiounspak géint Russland verhandelt. Do ass ee sech bis elo nach net eens ginn. Diskutéiert gëtt ënner anerem nach iwwer ee Verbuet fir den Transit vu russeschem Flësseggas.