Radioen

On air

Arty Party  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 60 Minutte fir déi nächst fënnef Joer

Analys

60 Minutte fir déi nächst fënnef Joer

De Premier Luc Frieden huet de Programm vun der neier CSV-DP-Regierung an der Chamber presentéiert. Wat kann ee vun der Ried zeréckbehalen? Eng Analys vum Pia Oppel.

auto_stories

5 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: Chambre des Deputés

De Luc Frieden wollt de Koalitiounsaccord eigentlech eréischt no senger Ried an der Chamber publizéieren. Dorauser war näischt ginn. D’Medien, dorënner och de radio 100,7, hunn dem Premier scho leschte Freideg ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach an den Text verëffentlecht. Dat huet de Luc Frieden gëschter kuerz ugeschwat.

“Mir sinn eis bewosst, datt d’Chamber den éischte Pouvoir am Land ass an datt mir virun Iech als Volleksvertrieder, an domat virum Land, verantwortlech sinn. Dofir wollt ech och hei bannen, dem éischte Pouvoir fir d’éischt de Koalitiounsaccord virstellen. Dat ass net ganz gelongen.”

Extrait lauschterenplay_arrow

De Luc Frieden versicht dat also mat Humor ze huelen. Mee een Ageständnis, datt d’Regierung an Zukunft méi transparent wéilt virgoen, war dat nach net grad. Den Term Transparenz ass an der Ried keng eenzeg Kéier gefall.

Huet de Luc Frieden mat senger Ried dann dem Ëmstand Rechnung gedroen, datt u sech vill Leit de Koalitiounsaccord scho gelies an deels och scho kommentéiert haten?

Ech fannen net: et war weder eng grouss programmatesch nach eng emotionell Ried. Änlech wéi ënnert sengem Virgänger, dem Xavier Bettel vun der DP, war et gréisstendeels eng Oplëschtung vu ville verschiddene Punkten, déi am Regierungsprogramm stinn.

De Luc Frieden huet net versicht, Decisiounen ze erklären, an hien huet och keng zousätzlech Detailer bekannt gemaach.

Wéi eng Detailer hues Du da vermësst?

Zum Beispill wier et interessant gewiescht, wann de Premier seng Aschätzung ginn hätt, wéi déi vill annoncéiert Steierreduktiounen an aner Projeten, déi de Staat vill wäerte kaschten, wäerte finanzéiert ginn. De Luc Frieden hätt och kënne kloer stellen, wou d’Regierung ënner kengem Ëmstänn wéilt spueren, wa Spuermesuren néideg wieren.

Dat ass eng zentral Fro, déi de Koalitiounsaccord oppe léisst – an déi de Luc Frieden och net beäntwert huet.

D’Staatsschold soll den aktuelle Prognosen no déi nächst Jore weider klammen. War dat keen Thema an der Ried?

Dach, de Luc Frieden huet betount, datt d’Schold net "irresponsabel" dierf wuessen. Si dierft nëmme genotzt gi fir wichteg Investissementer ewéi an den abordable Wunengsbau oder an d’erneierbar Energien.

Wéi vill Suen de Staat fir Klimaschutz an Logement wëll an de Grapp huelen, huet hien awer net gesot. Amplaz huet de Premier drop verwisen, datt och privat Investissementer solle mobiliséiert ginn, fir datt d’Regierung hir Projete ka realiséieren. Wéi gutt dat geléngt ass sécher ee Punkt, deen een déi nächst Jore muss am Ae behalen.

Ass dann awer kloer ginn, wat fir d’Regierung an den nächste fënnef Joer wierklech Prioritéit huet?

Een Thema, dat de Premier direkt um Ufank an dann nach e puermol ugeschwat huet, ass d’Wirtschaft, an de Wirtschaftswuesstem. Dat ass fir déi nei Regierung kloer eng grouss Prioritéit: manner Steieren, manner Bürokratie, manner laang Prozeduren, domadder soll Lëtzebuerg méi attraktiv gi fir Betriber.

An de Luc Frieden huet och kloer gemaach, datt et vum Wuesstem ofhänkt, ob de Staat sech Sozial- an Ëmweltpolitik ka leeschten.

“Mir wëllen e besseren Equiliber tescht dësen dräi Themen erreechen. Déi nei Regierung wëllt eng zolidd a kompetitiv Wirtschaft. Nemmen esou ass et méiglech eise Sozialstaat ze finanzéieren, nëmmen esou ass et méiglech eis ekologesch an digital Transformatioun ze packen an ze bezuelen.”

Extrait lauschterenplay_arrow

D’CSV huet déi gréng am Walkampf vill kritiséiert. Wéi soll dat dann an Zukunft anescht gemaach ginn?

Dozou huet de Luc Frieden effektiv eng programmatesch Ausso gemaach.

“De Prinzip vun der Proportionalitéit an Effikassitéit vun de Reegelen gëtt hei eis Guideline. Mir wëllen d’Leit an d’Betriber ënnerstëtzen amplaz alles kompliziéiert virzeschreiwen. Eng Emwelt- a Klimapolitik déi d’Leit begeeschtert amplaz nervt.”

Extrait lauschterenplay_arrow

Och déi viregt Regierung huet wéineg mat Virschrëften a Verbueter a virun allem mat finanziellen Uräizer geschafft, fir datt d’Leit hir Wunnengen energetesch sanéieren oder op den Elektrauto ëmklammen.

D’Fro ass, wéi vill méi de Staat fir esou eng Politik kann ausginn: a wat d’Regierung mécht, wa si d’Klimaziler op déi dote Manéier net erreechen. Am Klima- an Energieplang steet zum Beispill, datt fossil Heizungssytemer eventuell musse verbuede ginn, wann déi fräiwëlleg Method net funktionéiert. An am Regierungsprogramm heescht et, datt den Nationalen Energie- a Klimaplang vun der neier CSV-DP-Regierung gedroe gëtt. Op esou een Zeenario huet de Luc Frieden d’Land gëschter awer definitiv net agestëmmt.

De Luc Frieden huet ee kuerzen Deel vu senger Ried op Franséisch gehalen: Firwat?

Dat war effektiv ee klenge Geste géintiwwer deene ville Leit, déi hei am Land wunnen a schaffen, mee kee Walrecht hunn. Als fréiere President vun der Handelskammer huet de Luc Frieden fir déi Fro offensichtlech och eng Sensibilitéit: et sinn ënnert anerem d’Wirtschaftsmilieuxen, déi kritiséieren, datt d’Walvollek d’Land net ganz gutt erëmspigelt.

Den Demokratiedefzit gëtt am Regierungsprogramm och kuerz ugeschwat: et solle méi Lëtzebuergesch Sproochecoursen ugebuede ginn, ass dat konkretst wat een als Äntwert op dee Problem fonnt huet.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Meenung