Radioen

On air

Thé Dansant  |  Funkadelic - One Nation Under A Groove

play_arrow Live
search

/ 6 Leit stierwe bei Helikopteraccident zu New York

Grënn vum Crash nach onbekannt

6 Leit stierwe bei Helikopteraccident zu New York

Bei engem Helikopteraccident zu New York koume 6 Mënschen ëm d'Liewen. Dat huet d'Police op der Plaz confirméiert. Aus bis elo nach ongekläerter Ursaach ass den Helikopter op der Héicht vum West Village an den Hudson River gefall.

auto_stories

1 min

U Bord waren de Pilot an eng 5-käppeg Famill aus Spuenien, dorënner 3 Kanner. Deemno huet kee vun de Passagéier den Accident iwwerlieft. Wéi d'New York Times schreift, handelt et sech beim Familljepapp ëm den Agustín Escobar, CEO vu Siemens a Spuenien.

Déi zoustänneg Aviatiounsautoritéiten hunn eng Enquête annoncéiert fir d'Ursaach vum Accident ze klären. Op Grond vu Videobiller gëtt doriwwer spekuléiert, datt den Helikopter vläicht an der Luucht auserneegebrach wier.