Radioen

On air

Notturno  |  Ideal - Monotonie

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 500 Euro méi fir EU-Fonctionnairen: Gëtt Lëtzebuerg nees méi attraktiv? 

Europäesch Unioun

500 Euro méi fir EU-Fonctionnairen: Gëtt Lëtzebuerg nees méi attraktiv? 

Fir de Grand-Duché nees méi attraktiv ze maache solle verschidden EU-Fonctionnairen, déi hei am Land schaffen, vum 1. Januar u 500 Euro méi de Mount an hirer Pai kréien. D’Gewerkschaft vun den EU-Beamten zu Lëtzebuerg, d’USL, genee esou wéi déi zwee Europadeputéiert Marc Angel an Isabel Wiseler-Lima sinn net ganz zefridden. Mee firwat?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

EU Gebai Kierchbierg | © European Union play_arrow
Foto: European Union

Déi ënnescht Gehälter sollen ab dem 1. Januar 500 Euro méi kréien, fir e Maximum vu 4 Joer, erkläert d’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima.

"Dat ass eng punktuell Mesure, déi muss och all Joers frësch decidéiert ginn. Et ass och da just fir eben déi méi kleng Salairen."

Wärend deene 4 Joer sollen déi 500 Euro regressiv erofgeschrauft ginn. A wéi engen Etappen dat soll geschéien, ass net gewosst. Och net wéi vill Salariéë vun deene 14.500, déi zu Lëtzebuerg schaffen, dovu betraff sinn.

De Problem vun de Wunnegspräisser

De Problem vum Recrutement zu Lëtzebuerg ass grouss, erkläert de Miguel Vicente Nunes vun der Union syndicale Luxembourg.

"Il y a des départs. Il y a centains de postes qui restent vacants, dans l’ensemble des institutions, et notamment au parlement et à la commission européenne au Luxembourg. Et nous espérons effectivement que l’on saura avec le recul nécessaire prendre les mesures qui s’imposent pour remédier à cela."

Virun allem déi héich Wunnengspräisser géifen dofir suergen, datt ëmmer manner Leit wéilten op Lëtzebuerg kommen. Mat där dote Mesür wier si duerchaus optimistesch, datt méi Leit sech fir de Standuert Lëtzebuerg géifen entscheeden, esou d'Isabel Wiseler-Lima.

"Ech denken och, datt ee vläicht trotzdeem awer eng Kéier - dat ass eng perséinlech Meenung - datt een awer muss op ee Coefficient correcteur kommen, well eben d’Liewen zu Lëtzebuerg effektiv méi deier ass wéi elo zu Bréissel oder zu Stroossbuerg."

Fir de Moment eng Noutléisung

Dee Coefficient correcteur ass ee Mechanismus vun den europäeschen Institutiounen, deen déi soss eenheetlech Gehälter soll un d’Liewenssituatioun vun de Salariéeën op deene jeeweilege Plazen upassen. Mee fir Lëtzebuerg gëtt et keen esou ee Coefficient correcteur, erkläert de Miguel Vicente Nunes.

"Il y a une disposition au statut qui a été introduite dans les années 70. Donc il y a plus de 50 ans. Mais depuis 50 ans, le Luxembourg a connu un escort économique que nous connaissons tous, et cela pèse lourdement au personnel affecté au Luxembourg."

Et wier awer genee do wou ee misst usetzen, mengt och den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel

"An et wier besser, mir géingen dorunner schaffen, un där Schrauf dréinen, mee dat ass ganz komplizéiert. Dat hei ass elo mol eng gutt Noutléisung, mee et ass a mengen An elo mol just eng Noutléisung."

Och e Sujet fir d'Lëtzebuerger Regierung

Mee an där Noutléisung gesäit de Gewerkschaftler Vicente Nunes awer ee gréissere Risiko.

"Qui dit que d’autres capitales européennes ne vont demander aussi des indemnités de Logement? Paris par exemple, ces capitales ont des coefficients correcteurs, mais est-ce qu’ils ont pas aussi frapper à la porte à partir du moment où il y aura une indemnité au logement qui serait instauré dans une autre capitale comme le Luxembourg."

Mee och déi Lëtzebuergesch Regierung misst sech mat deem Dossier befaassen, mengt de Marc Angel. D’Gewerkschaft USL huet hirersäits eng Concertatioun bei der Kommissioun ugefrot, an hofft do méi Äntwerten ze kréien, déi si dann och de Salariéë kéinte weider ginn.

Fir déi wier nämlech guer net kloer, ob si vun deene 500 Euro profitéiere wäerte kënnen, oder net.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.