D’Zil vun der sougenannter “Global SUMUD Flotilla” ass et Liewensmëttel, Medikamenter, a Personal an de Beräicher Santé an Educatioun an d’Gazasträif ze bréngen.
Deen zweete But ass et op déi desastréis humanitär Situatioun an der Gazasträif opmierksam ze maachen. Zanter dem Ufank vum Konflikt géint den Hamas an der Gazasträif, limitéiert Israel den Zougang zu deem Territoire. Et feelt un humanitärer Hëllef.
Am September Oktober, sinn zejoert 46 Seegelschëffer vun der Flotilla bal bis béid d’Küst vun der Gazasträif ukomm, wéi déi israeelesch Marinn se gestoppt huet.
Des Kéier sinn eng 100 Seegelschëffer mat ronn 1.000 Leit u Bord ënnerwee.