Geschriwwe vum Ilana Joseph, fir den 100,7
Si si schonn de Freideg, no méintelaanger Virbereedung, op Washington gereest. No annerhallwem Dag Briefing vun der OSZE, der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa, zu Washington, ass et an hir respektiv Staate gaangen. Si konnten am Virfeld dräi Wënsch mellen. Fir d'Alexandra Schoos ass et Nevada, also ee Swing State, ginn. Et géif spannend ginn, déi Atmosphär ronderëm d'Wale matzekréien, esou d'ADR-Deputéiert. Grad an engem Swing State misst een als Observatrice nach besser oppassen, mengt si.
Gilles Baum ass Coordinateur a Kalifornien
De Gilles Baum verfollegt d'Wale vun engem kloer demokratesche Bundesstaat: Kalifornien. Hien ass do net nëmmen Observateur, mee och Coordinateur vun all den internationale Beobachter:inne vum Bundesstaat. Déi Roll gëtt virun allem no de Walen owes wichteg.
"Dann treffe mir eis, an da maache mir e klengen Debriefing, fir ze kucken, ob alles fonctionéiert huet oder wat net fonctionéiert huet. An deen zweeten Deel ass natierlech dann och de Lien ze maachen, mam Haaptbüro, deen zu Washington ass."
Gusty Gras: Méi Spannungen, wéi fir déi lescht Walen
Och de Claude Haagen, Emile Eicher a Gusty Graas sinn a Kalifornien. Fir de Gusty Graas ass et net déi éischte Kéier als Observateur bei US-Walen. Mee hien erkennt awer een Ënnerscheed tëschent de Wale vu viru 4 Joer an déi dëst Joer. Et wier vill méi Uspanung ze spieren.
"Spannungen net nëmmen, wat d'Resultat ubelaangt, mee och dobaussen. Dat spiert ee jo lo schonn, ech mengen och d'Aussoen, déi den Trump mécht, datt déi awer net onbedéngt op eppes Guddes hindeite loossen."
Um Dënschdegowend eiser Zäit ginn d'Walbureauen an de Vereenegte Staaten op. Et bleift eng ganz spannend an onkloer Wal fir de 47. President oder Presidentin. Déi lëtzebuergesch Delegatioun kënnt de Freideg erëm zeréck.