search

/ 4 Joer Krich an der Ukrain: Keen Enn a Siicht

Korrespondenz vu Kiew

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

4 Joer Krich an der Ukrain: Keen Enn a Siicht

Dee gréisste Konflikt an Europa zënter dem Zweete Weltkrich, huet haut viru 4 Joer ugefaangen, wéi Russland seng Invasioun vun der Ukrain gestart huet. Et gëtt och op dësem Anniversaire keng Undeitungen, datt et en Enn vum Krich an noer Zukunft kéint ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
4 Joer Ukrainkrich: Projektioun “We must defeat russia” um tschecheschen Nationalmusée | © EPA/MARTIN DIVISEK
4 Joer Ukrainkrich: Projektioun “We must defeat russia” um tschecheschen Nationalmusée (Foto: EPA/MARTIN DIVISEK)

Et ass eng Zort Stëllstand am Kampf ëm d’Ukrain. Kee Waffestëllstand mee e Stellungskrich am Stil vum Éischte Weltkrich. D’Russen hunn am leschte Joer manner wéi ee Prozent vum ukraineschen Territoire ënner hir Kontroll kritt. En almoudesche, brutale Krich, deen awer och mat héichmoderne Mëttelen, mat Drone geféiert gëtt.

E Wanter ouni Stroum an Heizung

Dronen an d’Rakéite ginn nach ëmmer al Dag vu Russland an d’Ukrain geschéckt. Loftalarm all Owend och an der Haaptstad Kiew. Och hei geet de Stroum aus, well d’Russen et op d’Stroumnetz vun der Ukrain ofgesinn huet.

Op d'mannst ass et elo net méi esou schrecklech kal wéi an der Mëtt vun dësem battere Wanter ouni Stroum an ouni Heizung.

Stoesche Widderstand an de Wonsch no engem Fridden, deen hält

D’Ukrainer:inne leiden, mee weisen och weiderhin al Dag hire stoesche Widderstand. Mee et wëllt een och, datt en eriwwer geet dëse Krich.

E Waffestëllstand schéngt den Ament awer onrealistesch, obwuel een hei an der Ukrain näischt méi wëllt. Eng Paus, mee och e Fridden, deen hält.

D’Ukrain wëllt awer och gewannen, respektiv all den Territoire zeréckkréien, dee vu Russland besat gëtt. Dem russesche President Wladmir Putin seng Demande fir en Enn um Krich bleiwe ferm. Hie wëllt russesch Kontroll, offiziell, iwwer déi ganz ëstlech Donbass-Regioun.

Philip Crowther, fir den 100,7, zu Kiew

play_arrow Lauschteren