arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 4 fréier Direktere vu russescher Gazprombank zu Lëtzebuerg solle sech beräichert hunn

Financial Times mellt

|
reading time

1 min

4 fréier Direktere vu russescher Gazprombank zu Lëtzebuerg solle sech beräichert hunn

Déi fréier Direkteren hätte sech privat am Kader vun den EU-Sanktioune géint Russland beräichert, mellt d‘Financial Times. Well duerch d‘EU-Sanktiounen 2022 déi russesch Obligatiounen näischt méi Wäert waren, hat de russesche President Putin e Programm fir russesch Investisseure lancéiert.

reading time

1 min

© EPA/ANATOLY MALTSEV
(Foto: EPA/ANATOLY MALTSEV)

Déi Bonds, déi ënner d‘EU-Sanktioune gefall sinn, konnten a Russland zum volle Präis duerch neier ersat ginn. Dat hätten déi véier Direktere vun der russescher Bank hei zu Lëtzebuerg ausgenotzt an hätten, nach éier deen Tosch offiziell war, massiv där Obligatiounen hei opkaaft an a Russland verkaaft.

Si hätten doduerch Milliounen op hir privat Konte geschäffelt, esou d‘Financial Times.

Déi brittesch Zeitung schreift, datt d‘CSSF Ënnersichunge bei Gazprom gemaach hätt, awer keng Verstéiss festgestallt hätt. Déi Lëtzebuerger Bankenopsiicht stéing alt erëm emol an engem schlechte Liicht, esou d‘Financial Times.