search

/ 25 Joer Iwwergangszäit: Am ale Steiersystem bleiwe lount sech fir verschidde Koppelen

Steierreform

|
reading time

2 min

25 Joer Iwwergangszäit: Am ale Steiersystem bleiwe lount sech fir verschidde Koppelen

Fir bestueten a gepacste Koppelen, bei deenen eng Persoun méi verdéngt wéi déi aner, lount et sech – jee no Situatioun - och no der Steierreform am ale System ze bleiwen. Dat huet den Direkter vun der Steierverwaltung, de Jean-Paul Olinger, de Moien nach eemol am 100,7-Interview erkläert.

reading time

2 min

Jean-Paul Olinger | © Radio 100,7
Jean-Paul Olinger (Foto: Radio 100,7)

Vun 2028 u gëtt et jo just nach eng eenzeg Steierklass U. Koppelen, déi haut an der Steierklass 2 sinn, kënne wärend enger Iwwergangszäit vu 25 Joer awer nach am ale System bleiwen.

Speziell Ekipp fir d'Froe vun de Bierger:innen 

Fir erauszefannen ob et méi avantagéis ass, an d’Steierklass U ze wiesselen, oder am ale System ze bleiwen, wëllt d’Steierverwaltung ufanks d'nächst Joer en neien Online-Simulator zur Verfügung stellen, erkläert de Jean-Paul Olinger. 

"Et ass op alle Fall esou, wa mir an der Situatioun sinn, wou een Member aus dem Menage eleng schafft, also eleng verdéngt fir dee ganze Menage, dann ass et ganz kloer, méi einfach fir an deem ale System ze bleiwen."

Och wann d'Ënnerscheeder tëschent de Revenuen net esou héich ass, gëllt dat. 

"Wann de Split vun de Revenue bei 90/10, 80/20, 70/30 läit vum gesamte Revenue vum Menage, dann ass d'Chance och grouss, datt et besser ass, bleiwen deem ale System. Mee et ass besser, dat doten nozerechnen, well all Situatioun kann aneschters sinn."

Fir de Steierzueler d'Ëmsetzung vun der Steierreform méi nozebréngen, wëllt d'Steierverwaltung och eng spezialiséiert Ekipp asetzen, déi Froe vun de Bierger:inne beäntwert.

Donieft soll et en neien Internetsite an Informatiounsversammlungen an Zesummenaarbecht mat de Gemenge ginn.