Radioen

On air

Sot Emol  |  Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

play_arrow Live
search

/ 17-Järege wéinst Terrorverdacht festgeholl

Däitschland

17-Järege wéinst Terrorverdacht festgeholl

An Däitschland ass e Jonke vu 17 Joer festgeholl ginn, deen en Attentat soll geplangt gehat hunn.

auto_stories

1 min

Polizei | © picture alliance/dpa | Benjamin Westhoff
Foto: picture alliance/dpa | Benjamin Westhoff

Wéi de Parquet vu Flensburg de Moie matgedeelt huet, hätt d‘Affär en islamisteschen Hannergrond, de jonke Mann aus Schleswig-Holstein, deen an Däitschland gebuer an en däitsche Pass huet, hätt sech an der lescht radikaliséiert. De Jonke sëtzt schonn zënter leschtem Donneschdeg am Prisong, d‘Police huet schonn zanter Mäerz géint hien enquêtéiert. Hien hätt en Attentat mat engem Camion op e Chrëschtmaart geplangt gehat.