Den November 2024 war weltwäit deen zweetwäermsten November iwwerhaapt, mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 14,1 Grad Celsius. Dat sinn 0,73 Grad iwwer der Moyenne vun der Period tëschent 1991 an 2020.
Och besonnesch markant: 16 vun de leschte 17 Méint louchen iwwer der kritescher Mark vun 1,5 Grad Erwiermung am Verglach mam vir-industriellen Niveau.
Och d'Mierestemperaturen hu Rekordwäerter erreecht, wärend sech d'Äis an der Arktis an Antarktis weider massiv zeréckzitt. De Wiederdéngscht Copernicus warnt: Dat géif weisen, wéi dringend et wier, ambitiéis Klimaschutzmesuren ëmzesetzen, fir d'Ziler vum Paräisser Ofkommes nach ze erreechen.