Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Remote

play_arrow Live
search

/ 2024 gouf et nees méi Fligeraccidenter

334 Doudesaffer

2024 gouf et nees méi Fligeraccidenter

D‘Zuel vun Doudesaffer bei Fligeraccidenter an der ziviller Aviatioun ass zejoert nees staark geklommen. Laangfristeg gekuckt geet se awer weider erof.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Chris Jung
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Chris Jung)

Dem däitsche Bundesamt fir de Loftverkéier no wieren am leschte Joer 334 Mënsche bei ziville Fligeraccidenter ëm d‘Liewe komm. Dat ass eng däitlech Hausse am Verglach mat 2023, wou et 80 Doudeger bei Fligeraccidenter gouf.

D‘Hausse d‘lescht Joer ass ënner anerem op d‘Ongléck Enn Dezember a Südkorea zeréckzeféieren. Do waren 179 Leit ëm d‘Liewe komm wéi e Fliger bei der Noutlandung iwwer d‘Pist eraus an eng Mauer geknuppt an explodéiert war.