Tëschent dem 6. an 9. Juni waren déi iwwer 450 Millioune Leit an de 27 EU-Länner opgeruff 720 Membere vum Europäesche Parlament ze wielen.
Frankräich an Däitschland: Regierungsparteie ginn ofgestrooft
Et ass vläicht zu Lëtzebuerg manner ewéi soss an der EU de Fall, ma Europawale sinn allgemeng Walen an deenen och an deels virun allem national Sujeten dominéieren.
Des Kéier war d’Resultat besonnesch an Däitschland an a Frankräich frappant: a béide Länner huet d’Droite ferm zougeluecht - mat Konsequenzen, déi mer bis elo ze spieren hunn. Dozou gehéieren d’Neiwalen a Frankräich an d’Schwieregkeeten eng nei Regierung ze bilden. An Däitschland gëtt am Februar eng nei Regierung gewielt an op déi Wale kuckt ee virun allem och wéinst dem Resultat bei den Europawale mat aneren Aen. Am Juni hat déi riets extrem AfD mat 15 Prozent d’Regierungspartei SPD (déi just op 13 Prozent komm war) an déi Gréng (knapps 12 Prozent) iwwerholl. Dat war eng Premiere.
Nicolas Schmit no Jean-Claude Juncker zweete Lëtzebuerger europäesche Spëtzekandidat
D’Europawalen 2024, dat waren och Walen, bei deene fir zweete Kéier ee Lëtzebuerger als europäesche Spëtzekandidat mat an déi Wale gaangen ass: Nom Jean-Claude Juncker 2014 war et des Kéier den Nicolas Schmit, deen déi Europäesch Sozialisten un hirer Spëtzt an d'Course geschéckt hunn. Fir den LSAP-Mann Schmit ass et awer anescht ausgaangen ewéi fir den CSV-Politiker Juncker.
Den Nicolas Schmit hat kloer den Usproch erhuewen, ee Spëtzeposten an der neier Kommissioun ze kréien. Och seng Partei huet dat revendiquéiert. Anescht ewéi de Jean-Claude Juncker ass den Nicolas Schmit um Enn eidel ausgaangen.
Dat loung engersäits un der Lëtzebuerger Regierung, déi net prett war, een aus der Oppositioun an déi nei Kommissioun ze schécken. Et louch och un der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi net ganz energesch dono gefrot hat, de Lëtzebuerger LSAP-Politiker an hirer Equipe ze halen an et louch um Enn sécher och den Europäesch Sozialiste selwer, déi net ganz vehement dofir gekämpft hunn, datt hire Spëtzekandidat duerch ee Poste belount gëtt.
Droite däitlech gestäerkt
Vun engem Rietsruck ze schwätzen, ass trotz dem staarke Gewënn vun der Droite net ganz korrekt, well si och am leschten EU-Parlament scho ganz staark vertruede war. Si war just manner gutt organiséiert.
Am ale Parlament waren der eng ganz Partie vun den Europadeputéiert vun der Droite als "non affilié" vertrueden, ma des Kéier hunn déi riets a riets-extrem Parteien et fäerdeg bruecht, sech an dräi Fraktiounen am Europaparlament ze forméieren.
D’Deputéiert vun der ungarescher Regierungspartei Fidesz hu sech mat den elo 30 Franséischen Europadeputéiert vum "Rassemblement National" an aneren zesummegedoen am Groupe vun de Patriote fir Europa (déi elo effektiv 3. stäerkste Kraaft am Parlament sinn) nach virun den Europäesche Konservativ a Reformisten (wou nieft de Vertrieder:inne vun der italieenescher Regierungspartei "Fratelli d’Italia" och déi vun der polnescher PIS-Partei Member sinn). An dann hu mer nach de Groupe vun de Souveränen Natioune mat virun allem de 14 AfD Memberen.
Zesumme kënnt déi Droite dann effektiv op 26 Prozent - also op iwwert ee Véierel vun de 720 Europadeputéierten. Dat sinn der esou vill ewéi nach ni.
Lëtzebuerger Resultat mat wéineg Iwwerraschungen
D’Parteien zu Lëtzebuerg waren deels an al Gewunnechten zeréckgefall an hunn e puer "Elefanten" op d’Lëscht gesat. Um Enn hunn d’Leit awer virun allem déi fréier Europadeputéiert erëmgewielt, sou datt eng ganz änlech Equipe an d’Parlament gezunn ass ewéi fënnef Joer virdrun.
Am Fong gëtt et jo weider eng kloer pro-Europäesch Majoritéit am Europaparlament. D’Europäesch Vollekspartei kënnt zesumme mat de Sozialisten an deenen e bësse geschwächte Liberalen nach ëmmer op 400 vun de 720 Stëmmen, zielt een déi Gréng derbäi sinn et 450 Stëmmen. An der Lescht hat een awer d’Gefill, d’EVP géing nawell um rietse Bord no Alliéierte kucken. Et wäert sech an de nächste Méint erausstellen, wéi stabil déi Koalitioun vun der Mëtt am Parlament ass.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.