De Bilan kéint sech am Laf vun den nächsten Deeg nach änneren: mat Temperaturen ëm déi 8 Grad kéint d’Joer 2023 zum zweet wäermste Joer, dann hannert dem Joer 2020, zanter den Opzeechnunge ginn. Dat sot den Andrew Ferrone, Chef vum Meteo-Service am Landwirtschaftsministère, op eis Nofro hin. Och beim Nidderschlag war een dëst Joer ee Véirel iwwert dem Duerchschnëtt.
Landmassen erwierme sech méi séier
D‘Joresduerschnëtts-Temperatur louch bei 10,8 Grad. Dat ware 0,9 Grad méi wéi d‘Moyenne vun der Referenzperiod tëscht 1991 bis 2020. Och dëst Joer huet een nees d’Auswierkunge vum Klimawandel gespuert, betount den Andrew Ferrone. Zu Lëtzebuerg souguer méi wéi op anere Plazen.
"Säit der preindustrieller Zäit, also ëm d’Joer 1850, sinn d’Temperaturen hei zu Lëtzebuerg ëm 1,5 Grad erop gaangen. Dat ass méi wéi an der globaler Moyenne, wou se ëm déi selwecht Period ëm ronn 1,1 Grad eropgaange sinn. Dat ass awer och erwaard, well sech d’Landmassen méi séier erwiermen wéi d’Ozeanen, a vu datt Lëtzebuerg um Land läit, erwaarde mer och, datt d’Temperaturen hei méi an d’Luucht ginn."
Aussergewéinlech vill Reen
Net just d’Temperature ginn an d’Luucht, erkläert den Andrew Ferrone. Et huet dëst Joer och aussergewéinlech vill gereent, besonnesch am Oktober an am November. D‘Quantitéit vu Reen louch bei ronn 957 mm. Also 957 Liter op de Metercarré am Joer.
Dat sinn an der Moyene 24 Prozent iwwert der normaler Referenz vu ronn 770 mm.
Belaaschtend Drécheperiod
An dat trotz enger dréchener Period vu Mee bis Juli, déi d’Landwirtschaft belaascht huet. Eng Realitéit op déi d’Baueren sech och déi nächst Joere missten astellen, warnt den Andrew Ferrone.
"Eng Dréchent kennt dann, wann eben och d’Temperature ganz héich sinn, a mir gesinn, datt hei zu Lëtzebuerg d’Dréchente virun allem an d’Luucht ginn well d’Temperaturen an d’Luucht ginn. Dorobber muss sech d’Landwirtschaft effektiv astellen, vill méi resilient ginn par rapport zu Klimawandel, dh.- do muss ee kucken fir eventuell aner Kulturen hei zu Lëtzebuerg unzeplanzen."
Déi extreem waarm Deeg hu sech an deene leschte 60 Joer bal verduebelt, erkläert den Andrew Ferrone. Waren et an de Joeren 1961 bis 1990 ronn 18.3 d’Joer, sinn et an Tëschenzäit bal 34 Deeg mat extreemer Hëtzt d’Joer.
En Dënschdeg dann wäert och MeteoLux hire Bilan vum Joer 2023 matdeelen.