Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
search

/ 20 Joer Prisong fir den Dominique Pelicot

Prozess zu Avignon

20 Joer Prisong fir den Dominique Pelicot

Am Prozess ëm d‘Vergewaltegung vum Gisèle Pelicot goufen haut um Donneschdeg sämtlech 51 Ugeklote schëlleg gesprach. Den Ex-Mann, deen d‘Viollen organiséiert hat, an dee seng Fra och selwer mëssbraucht hat, krut 20 Joer Prisong.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Marc Asensio
Foto:picture alliance / NurPhoto | Marc Asensio

Kuerz no néng Auer de um Donneschdegmoie koum d’Gisèle Pelicot virum Geriicht zu Avignon un, wou si vu villen Ënnerstëtzerinnen an Ënnerstëtzer applaudéiert gouf fir hire Courage, dëse Prozess ëffentlech ofhalen ze loossen. 

No 15 Woche Prozess an dräi Deeg Deliberatioun koum d’Geriicht zu sengem Urteel. All 51 Ugeklote goufe schëlleg gesprach, net alleguer mussen awer an de Prisong. Sechs Männer dierfen trotz Verurteelung op fräiem Fouss bleiwen, well hir Strof duerch d’Dauer an der Untersuchungshaft scho couvréiert gouf. 

Héchststrof fir Dominique Pélicot

Déi anerer krute Prisongsstrofen tëschent 3 an 20 Joer. Den Haaptugekloten, den Ex-Mann vun der Gisèle Pelicot, den Dominique Pélicot gouf an alle Punkte schëlleg gesprach a krut d’Héchststrof vun 20 Joer Prisong. Zwee Drëttel dovu fest, de Rescht kéint dono da verkierzt ginn.

Seng Affekotin huet sech kuerz nom Urteel zu Wuert gemellt a sot et géing een elo an den nächsten 10 Deeg entscheeden, ob ee géint dëst Urteel an Appell geet.

Dominique Pélicot behaapt, sech fir seng Dot ze schummen

Ausser d’Strofmooss fir den Dominique Pélicot sinn all d’Strofen däitlech ënnert deem bliwwen, wat vum Parquet gefuerdert gouf. Um Méindeg haten déi Ugekloten nach eng lescht Geleeënheet sech zu Wuert ze mellen. 

Den Dominique Pélicot hat de Courage vu senger Ex-Fra gelueft a seng Famill ëm Verzeiung gefrot. E Méindeg sot hien, hie géing sech fir seng Dote schummen. Och aner Ugekloten haten um Méindeg gesot, si géingen alles regrettéieren. Anerer haten all Schold vun sech gewisen.