D’Feier ass um drëtte Stack vum Service fir Mammen- a Kannerfleeg am PIMS-Spidol ausgebrach. D’Feier ass an der Tëschenzäit ënner Kontroll.
D’Ursaach vum Feier ass eng Feelfunktioun vun enger Klimaanlag, huet d’Noriichtenagence DPA gemellt. D’Autoritéiten hunn eng Enquête ugekënnegt.
A Pakistan komme Bränn an héije Gebaier reegelméisseg vir. Als Grënn gëllen ënner anerem Problemer bei de Sécherheetsnormen.