arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schëffsverkéier am Hormus-Passage um niddregste Stand zënter Mee

USA-Iran

|
reading time

1 min

Schëffsverkéier am Hormus-Passage um niddregste Stand zënter Mee

Wéinst de rezenten iraneschen an US-amerikaneschen Attacken op Handels- a Krichsschëffer wieren an der Lescht nëmmen nach 10 Schëffer pro Dag duerch de Passage gefuer, esou d‘Analys-Firma Kpler. Dat wier den niddregste Stand zënter véier Méint.

reading time

1 min

Archivfoto: D'Strooss vun Hormus | © EPA/STRINGER
Archivfoto: D'Strooss vun Hormus (Foto: EPA/STRINGER)

Virgëschter wieren et nëmmen zwee Schëffer gewiescht. Zënter e Mëttwoch hätt keen eenzegt grousst Pëtrolsschëff den Hormus-Passage verlooss.

De Krich an der Regioun hat Enn Februar mat den Attacke vun den USA an Israel op den Iran ugefaangen. Zënterhier blockéiert Teheran déi wichteg Handelsstrooss.