Den aktuelle Stand vun den Entwécklungen: MeteoLux an inondations.lu
Zu Miersch, Bissen an Ettelbréck ass d’Cote d’Alerte iwwerschratt ginn. Bei deene meeschten Niewegewässer falen d’Peegele rëm, bei der Uelzecht selwer bleift de Waasserstand op engem héijen Niveau. Een neit Klammen am Laf vum Dag kéint net ganz ausgeschloss ginn, heescht et.
Och un der Sauer gouf den Alarmniveau zu Dikrech iwwerschratt an d’Waasser-Stänn sollen héich bleiwen. Wéinst ënnerschiddleche Meteosprevisioune géif déi weider Entwécklung haut onsécher bleiwen. Op der Musel soll den héchsten Niveau muer oder an der Nuecht op ee Freideg erreecht ginn.
MeteoLux mellt fir haut onbestännegt Wieder mat dacks Reen. Eenzel Wiederen den Owend kënnen net ausgeschloss ginn.