Op de Mënze sinn Ofbiller vun 9 réimesche Keeseren. De Minister schwätzt vun enger "aussergewéinlecher" Entdeckung fir eist Land an eist Verständnis vun der spéitréimescher Epoch an eiser Regioun an an Europa.
De Staat huet d‘Fondstécker dofir och ofkaf. Déi archeologesch Fouillë goufen déi lescht véier Joer gemaach, bis haut awer net kommunizéiert, fir Vandalismus ze verhënneren, esou nach de Minister. D‘Opschaffe géif nach eng Zäit daueren.