Siwe vun den aacht déidlechen Accidenter sinn an der Géigend vun enger Barriär geschitt. Dat äntwert d‘DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.
Bei der CFL ginn déi onerlaabten Schinnen-Iwwerqueerunge repertoriéiert. D‘lescht Joer goufen der ronn 700 gezielt. Déi meescht goufen et zu Rodange an zu Péiteng, duerno kënnt Beetebuerg an dann d‘Stad Lëtzebuerg, Waasserbëlleg a Walfer.