arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 12 Joer Buergermeeschtesch: Wéi huet Paräis sech ënner der Anne Hidalgo entwéckelt?

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

12 Joer Buergermeeschtesch: Wéi huet Paräis sech ënner der Anne Hidalgo entwéckelt?

De Weekend ass a Frankräich den éischten Tour vun de Gemengewalen. Zu Paräis geet mat de Walen awer och eng Ära op en Enn. 12 Joer laang war d'Sozialistin Anne Hidalgo Buergermeeschtesch vun der Haaptstad an huet dës radikal verännert. Méi gréng, manner Autoen a méi Vëloen.

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow
Anne Hidalgo | © EPA/Teresa Suarez
Anne Hidalgo (Foto: EPA/Teresa Suarez)

Paräis virun 2014, dat war nach eng aner Stad, wéi de Correntin Roudaut vun der Associatioun Paris en Selle erkläert. Deemools wier et eng Stad mat immens vill Autosverkéier an deemno Loftverschmotzung gewiescht.

"Réinventer Paris"

Dat war de Slogan vun der Anne Hidalgo hirem éischte Projet als Buergermeeschtesch. Et war méi wéi eng politesch Plattitüd, et war en handfeste Programm fir d’Stad op d’Zukunft ze preparéieren. 

De gréisste Projet vun der Anne Hidalgo: D’Ufere vun der Seine ze transforméieren. Wou fréier eng 40.000 Autoen den Dag gerullt sinn, kënnen d’Paräisser zënter 2016 flanéieren. E Projet, deen deemools vill Géigewand krut, awer haut breet Zoustëmmung huet.

An hirem éischte Mandat huet d’Anne Hidalgo iwwer 15.000 Beem planze gelooss, 2014 gouf et knapp 700 km Vëlospisten, haut sinn et der iwwer 1.600. Paräis ass zu engem Paradebeispill vun enger klimafrëndlecher Stad ginn.

Autoe verschwannen aus dem Stadbild

Net all Bewunner:inne passt dat. Eng Wäinhändlerin aus dem 20. Arrondissement seet, si wier iwwerzeegten Ekologistin, mee ouni Autosparkplazen an einfachem Accès, géinge manner Clientë kommen. D’Anne Hidalgo hätt zwar gutt Absichten, mee et wier an der der Praxis net ëmmer alles op déi alldeeglech Besoinen ofgestëmmt.

Wéinst hirer Politik gouf d’Anne Hidalgo dacks als "la maire anti-voiture” bezeechent. Och gouf hir dacks virgehäit wéineg gespréichsbereet ze sinn an zimmlech rabiat virzegoen.

Fir de Correntin Roudaut huet dat awer och praktesch Grënn: et dierft ee sech beim Klimaschutz net an endlosen Diskussioune verléieren.

An esou bleift et dann och bei engem Bilan, deen zwar remarkabel awer och ëmstridden ass, wann een an de Paräisser Stroossen nofreet.

Den Ament läit de Sozialist Emmanuel Grégoire zu Paräis an de Sondage vir. Tëschent 2018 an 2024 war hien d’riets Hand vun der Anne Hidalgo. Hir Politik wéilt hien zwar weiderféieren, mat der Method awer briechen, sot de Grégoire kierzlech.

play_arrow Lauschteren