Déi éischt homosexuell Koppel, déi deemools bestuet gouf, waren de Jean-Paul Origer an den Henri Lorenzo. Béid Männer an déi 60. Op hiren Hochzäitsfotoen si si allen zwee am Kostüm mat Méck. Deen ee mat enger wäisser Rous, deen anere mat enger rouder Rous.
Den Interesse an der Press war grouss. D'Koppel huet direkt den éischten Dag genotzt a gouf den 1. Januar 2015 zu Déifferdeng vum Buergermeeschter Roberto Traversini bestuet. Hien erënnert sech gären un déi Hochzäit zeréck.
“Fir mech war et e ganzt flott Gefill. Éischtens mol, well ech dat Gesetz mat konnt an der Chamber stëmmen am Juni. An da fir déi éischt Koppel esou ze bestueden, mengen ech schonn, dat war eppes ganz Flottes, an ech mengen et war awer nach méi flott fir déi zwee, déi sech bestuet hunn.”
Aktuell ass et an 22 europäesche Länner fir gläichgeschlechtlech Koppelen erlaabt sech ze bestueden. Lëtzebuerg war deemools dat 11. Land weltwäit an dat 9. Land an Europa, dat d'Egalitéit beim Mariage ageféiert huet. Bis dohinner war de Mariage definéiert als eng Verbindung tëschent Fra a Mann. Zesumme mat der Gesetzesännerung gouf och d'Adoptiounsrecht fir gläichgeschlechtlech Koppelen ageféiert.
Gebuertscongé fir jiddweree bleift eng Fuerderung
Awer och 10 Joer duerno kämpfe gläichgeschlechtlech Koppelen ëmmer nach mat Erausfuerderungen, erkläert den Andy Maar vun der ASBL Rosa Lëtzebuerg. Déi gréissten Erausfuerderunge géife sech op de Volet vun der Familljegrënnung bezéien, wéi zum Beispill d'Leihmutterschaft, d'kënschtlech Befruchtung a virun allem och déi automatescher Unerkennung vun der Eltereschaft.
Bis ewell wier et esou, datt bei enger gläichgeschlechtlecher Koppel den zweeten Elterendeel dat gemeinsaamt Kand adoptéiere muss. Vill méi komplizéiert also wéi bei enger heterosexueller Koppel.
Den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg kritiséiert déi mat der Adoptioun verbonnen administrativ Hürden, déi vill Zäit géife kaschten, bis een an Elterenzäit kéint goen.
“Also wann ee Kand op d’Welt kënnt ass et esou, datt een direkt déi Zäit dofir brauch. An och do geet et, eiser Meenung no, net domat duer, datt et nëmmen de Congé d’acceuil ass. Mee do brauch d’Koppel oder d’Famill generell vill méi Zäit.”
Rosa Lëtzebuerg fuerdert dowéinst e generelle Gebuertscongé, esou nach den Andy Maar.