arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Wuelbefannen a mental Gesondheet

Wuelbefannen a mental Gesondheet

Lauschteren play_arrow
headphones

13 min

Wuelfille war eigentlech nach ëmmer eng Haaptcharakteristik vun der Schoul, a jiddwereen dréit a sengem Domän säin Deel dozou bei. An den 1990er hunn Enseignantë sech Gedanke gemaach iwwer d'Ergonomie an der Hotellerie, wat zum Projet Ergotel geféiert huet an deemools och international unerkannt gouf.

Richteg festgehalen oder institutionaliséiert waren déi Saachen awer net, an domat leeft een dann och Gefor, datt wann de Grupp, d’Famill ännert, Saache verluer, vergiess ginn, verschwannen.

Ënner dem Impuls vum Michel Lanners, dem aktuellen Direkter, gouf dofir gesuergt, datt de Sujet eng Form krut, an doduerch nei Dynamiken an nei Iddien. Ënner anerem mat der Grënnung vun engem Groupe de travail Santé.

Wann dann Turn-, Kicheproffen an Nutritionisten zesummesetzen, gëtt sech dann als éischt emol ëm de Sport an den Teller gekëmmert, an et entsti Saache wéi e Fitness-Challenge a vegetaresch Wochen.

De Groupe Santé gouf nom Motto Mens sana in corpore sano, Un esprit sain dans un corps sain, gegrënnt.

De Gérard Biever, Turnprofesser an der Hotelsschoul, huet de Projet an d'Konzept mat initiéiert a gëtt weider Detailer.

Episoden

Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen | © Bigstock

Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen

Wéi d’Daarmflora Verdauung, Immunsystem a Wuelbefanne beaflosst – a wat Dir selwer fir Är Gesondheet maache kënnt.
headphones

7 min

play_arrow
Haut ass de Bee Day | © Bigstock

Haut ass de Bee Day

Gesond Ernärung mol aus enger anerer Perspektive gekuckt.
headphones

14 min

play_arrow
Falsch Informatiounen iwwer Ernärung an de Soziale Medien | © Bigstock

Falsch Informatiounen iwwer Ernärung an de Soziale Medien

Wéi bréngen Instagram-Influencer et fäerdeg fir falsch Informatiounen iwwer Ernärung ze verbreeden?
headphones

12 min

play_arrow
Fréijoersmiddegkeet: D'Sonn ass do, an d’Energie fort - wat leeft falsch? | © Bigstock

Fréijoersmiddegkeet: D'Sonn ass do, an d’Energie fort - wat leeft falsch?

Firwat mir eis am Fréijoer dacks midd spieren - a wéi Ernärung, Beweegung an Alldagstippen hëllefe kënnen, nees méi Energie ze kréien.
headphones

5 min

play_arrow
Clever Iesse fir e fitte Kapp! | © Bigstock

Clever Iesse fir e fitte Kapp!

Wëssenschaftlech Erkenntnisser weisen, datt eist d'Iessen e groussen Impakt huet op eist Gehier, eis Emotiounen a souguer op méiglech psychesch Erkrankungen.
headphones

10 min

play_arrow
Eng ënnerschätzte Knoll, déi et a sech huet | © Bigstock

Eng ënnerschätzte Knoll, déi et a sech huet

Roll vun der Gromper an der gesonder Ernärung
headphones

11 min

play_arrow
Déifgefruere Liewensmëttel, besser wéi hire Ruff? | © Bigstock

Déifgefruere Liewensmëttel, besser wéi hire Ruff?

Iessen aus dem Tifküler, praktesch am Alldag an e Schlëssel fir manner Liewensmëttelverschwendung
headphones

7 min

play_arrow
Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt | © Bigstock

Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt

Informatioune ginn et genuch - mee net alles ass hëllefräich. Wéi fanne mir zouverlässeg Gesondheetsinformatiounen an ëmgoe mir Mythen?
headphones

6 min

play_arrow
Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung? | © Bigstock

Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung?

Wéi eng Roll spille Séisswaasserfësch an enger gesonder Ernärung a wat ass den Ënnerscheed zu de Mieresfësch?
headphones

12 min

play_arrow
Gesond al ginn | © Bigstock

Gesond al ginn

Wat kann ee maache fir gesond al ze ginn a méiglechst laang gutt ze liewen? Mir beschwätzen d’Resultater aus der Fuerschung am Beräich Ernärung a Sport.
headphones

12 min

play_arrow
Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter | © Bigstock

Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter

Zoppe si beléift a sinn eng Opwäertung vun eisem Iessen. An dat net nëmmen am Wanter.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst | © monkeybusinessimages / Bigstock

Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst

Wéi beaflosse Bluttzocker, Daarmgesondheet a Stresshormoner eis Stëmmung? E Bléck op wëssenschaftlech Zesummenhäng a praktesch Ernärungstippe fir méi mental Stabilitéit am Alldag
headphones

7 min

play_arrow
Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL | © astropix / Bigstock

Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL

Un laboratoire dédié à l’analyse sensorielle, à la formation et aux services professionnels pour évaluer scientifiquement la qualité des aliments.
headphones

9 min

play_arrow
E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow
Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow