Klassik Album vun der Woch
Wann d'Feier brennt
9 min
Den Ensembel Bayona kënnt vu Saragossa an ass voller internationaler Museker:innen. E puer vun hinnen hu sech kennegeléiert wärend hirer Studienzäit op der Fachhochschule zu Bern. Zanterhier gouf et ëmmer erëm Wiessele bei de Memberen. Op der Gei sinn et aktuell d’Maria Florea vu Barcelona an d’Simone Roggen vun Auckland an Neiséiland. Braatschistin ass d’Maria Moros, si ass zu Saragossa gebuer. Um Cello spillt den Eros Jaca, och gläichzäiteg de Grënner an artisteschen Direkter vum Ensembel Bayona. Zesummen hu si vill Präisser gewonnen, ënner anerem den “Dwight und Ursula Mamlok Preis für Interpretation zeitgenössischer Musik”. Am Kader vun deem Präis hunn déi fënnef 2021 och hiren éischte grousse Concert am Konzerthaus zu Berlin gespillt. Op dësem Album kollaboréiert den Ensembel nach mat enger Sängerin, déi zemools fir hire Flamenco bekannt ass: d’Maria José Pérez.
Eng Bréck tëschent der klassescher an zäitgenëssescher Musek
Fir den Ensembel Bayona soll Musek ëmmer interdisziplinär sinn. Déi fënnef Museker:inne wëlle géint dat traditionellt Konzept vum klassesche Concert wierken, zemools fir eng Zort “authentesch Kommunikatioun” tëschent hinnen an dem Publikum ze erméiglechen. Aus deem Grond ginn d’Museker:inne vum Ensembel och fir all Projet passend opgestallt. Op hirem neien Album spille si och Musek vu véier ganz verschiddene Komponisten. Nieft dem Joseph Lauber aus der Schwäiz an dem Manuel de Falla sinn och nach zwee zäitgenëssesch Komponisten dobäi: de Christoph Blum an de Francisco Coll.
“Cantos” vum Francisco Coll
Ee weidere vun de véier Komponisten op dësem Album ass de Francisco Coll. De Spuenier huet och scho mat de Lëtzebuerger Philharmoniker a mat hirem Chefdirigent Gustavo Gimeno zesummegeschafft. 2021 hu si den Album “coll” zesummen erausbruecht. Op dësem Album vum Ensembel Bayona ass säi Wierk “Cantos” dobäi. Dat huet hie fir de Quarteto Casals komponéiert. Et ass e Wierk mat engem eenzege Saz, mat engem ganz spirituellen an introspektive Charakter a mat enger Rei vu Kadenzen. De Francisco Coll wollt dobäi den Toun vun der mënschlecher Stëmm imitéieren.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Véier Hänn, puer Liewensfreed
Wann d’Schwësteren Danae a Kivali Dörken zesummen um Piano spillen, heescht dat 100 Prozent Energie!
Klassik Album vun der Woch
De Pianist Oliver Triendl huet schonn iwwer 100 Albume mat Musek vun onbekannte Komponisten a Komponistinnen aus der Romantik opgeholl.
Dem Bruckner seng Welt
Als grousse Sinfoniker bekannt, mee als Kierchemuseker ugefaangen.
Analytesch, kohärent a mat enger grousser Transparenz
Deen éischten Album vum Pianist Tingshuo Yang
Kloer Stëmmen an der Däischtert
De Kammerchouer Skylark huet en Album mat enger hautzedaags ganz aktueller Thematik erausbruecht.
Minimal Music fir Sträichquartett
Deen neien Album "Ascension" vum italieenesche Komponist Filippo Cosentino mam Quartett Speranza
Liewegkeet mat engem Hauch vun Nostalgie
De Josep Vicent an den ADDA Simfónica Alicante hunn dem Alexander Scriabin seng drëtt Sinfonie mam Titel "Le Divin Poème" opgeholl.
D'Braatsch am Mëttelpunkt
De Braatschist Mathis Rochat presentéiert säin Instrument an dräi verschiddene Wierker: engem Arrangement, engem Concerto an an engem Concertante zesumme mat enger Solo-Gei.
authentique
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Den neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Mozart, You Drive Me Crazy!
D'Sopranistin Golda Schultz begeeschtert mat hirer renger Stëmm voller Kraaft.
Suitte vum Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: De neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez.
Entdeckungen
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
Eklektesch, an awer vereent
Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxofon an de Piano.
E Prënz op der Gei
Den neien Album vum jonke Geiist Théotime Langlois de Swarte zesumme mam Kammerorchester “Le Consort”
- 1
- 2