Gebuer gouf den Emile Probst de 15. Oktober 1913 zu Veianen. No Konschtstudien zu Düsseldorf a Bréissel schafft hien an enger Dréckerei, grënnt nom Zweete Weltkrich d‘Lëtzebuerger Illustréiert REVUE. Hien huet eng 120 Entwërf fir Kiercheglasmolereie realiséiert. Eng 650 Kanner- a Jugendbicher mat sengen Zeechnunge goufen a verschiddene Sprooche publizéiert an hien huet och Affichë realiséiert. Den Emile Probst stierft den 2. Dezember 2004 am Alter vun 91 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 19 Joer stierft den Emile Probst
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.