Bewosst Gesond
Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul
11 min
Stänneg op der Sich no de leschten Tendenze vum Marché a mam Wëlle sech weiderzëentwéckelen, definéiert sech d’EHTL, d'École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg, als eng modern, ambitiéis an dynamesch Schoul, déi mat hirer Zäit geet. Och am Beräich vun der vegetarescher a veganer Kichen investéiert d’Schoul an déi Richtung, fir der Nofro gerecht ze gi vun enger Generatioun, déi net nëmmen u gesondem Iessen interesséiert ass, méi sech och fir d‘Erhale vun de Ressourcen asetzt.
Elo geet et op d'Weltmeeschterschafft op Singapur fir vegan ze kachen.
Am Kader vu vegetaresche Wochen z. B. versicht d’Hotelschoul d’Schüler:inne fir déi vegan Kichen ze sensibiliséieren an hinnen d‘Méiglechkeete vun esou enger grénger Kiche méi nozebréngen.
Invité ass de jonke Chefkach Steve Lentz aus der Hotelschoul. Hien ass zoustänneg fir déi vegetaresch a vegan Kachcoursen an huet 2023 bei engem europäesche vegane Kachconcours an Italie mat senger Ekipp deen éischte Präis gewonnen. De Steve Lentz huet och matgewierkt bei der Realisatioun vun engem vegane Kachbuch, dat d’EHTL erausbruecht huet.
Presentéiert vum
- Angie Maquil