Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Album vun der Woch

The Silk Road

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow

Vu Venedeg bis a China mat véier verschiddene Komponisten. Op dës Rees hëllt d'Oslo Kammerakademi hir Nolauschterinnen an Nolauschterer mat.
Dowéinst ass “The Silk Road” eise Klassik-Album vun der Woch.

D’Konzept, fir net nëmmen eng geographesch, mee och eng zäitlos Rees ze maachen, huet iwwerzeegt. D’Faszinatioun vun den Atmosphären an den Harmonien aus dem Orient gouf et net just fréier, mee existéiert och haut. Dofir sinn net nëmmen de Saint-Saëns mat “Orient et Occident” an den André Caplet mat der “Suite Persane” vertrueden. Och déi zwee zäitgenëssesch Komponiste Gisle Kverndokk a Mert Karabey konnten op dësem Disk hir haiteg kënschtleresch Begeeschterung fir orientalesch Kläng ausdrécken. An dat duerch zwou vun der Oslo Kammerakademi bestallte Kompositiounen. Trotz de klanglechen Ënnerscheeder spiert ee wéi sech iwwer d’Joerhonnerten ewech Komponisten an hire Virstellungen iwwerschneiden a vun anere Kulture gepräägt ginn.

Och déi kammermusikalesch Perfektioun ass ervirzehiewen. Séier Leef, déi sech tëschent de verschiddenen Instrumenter ofwiesselen, klénge bal wéi een Instrument. Eng immens gutt ausgeschafften Intonatioun erméiglecht dann och déi kultivéiert Klangbildung. D’Iddi fir de Kontrabass als eenzegt Sträichinstrument an e Blosensembel ze integréieren, huet sech als e kompositoreschen Ass erwisen. Et ass de gezupfte Klang vun deem grousse Klangkierper, deen dem grousse Blosensembel en orchestrale Fong bitt. D’Perkussiounsinstrumenter sinn natierlech grad bei esou engem Repertoire och eng wichteg Komponent, fir nieft den Harmonien an de Melodien eng komplett orientalesch Impressioun ze garantéieren. Domat ënnerscheet sech d’Oslo Kammerakademi an dëser Produktioun däitlech vun engem normale Blosensembel.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Véier Hänn, puer Liewensfreed

Wann d’Schwësteren Danae a Kivali Dörken zesummen um Piano spillen, heescht dat 100 Prozent Energie!
headphones

6 min

play_arrow

Klassik Album vun der Woch

De Pianist Oliver Triendl huet schonn iwwer 100 Albume mat Musek vun onbekannte Komponisten a Komponistinnen aus der Romantik opgeholl.
headphones

14 min

play_arrow

Dem Bruckner seng Welt

Als grousse Sinfoniker bekannt, mee als Kierchemuseker ugefaangen.
headphones

8 min

play_arrow

Analytesch, kohärent a mat enger grousser Transparenz

Deen éischten Album vum Pianist Tingshuo Yang
headphones

5 min

play_arrow

Kloer Stëmmen an der Däischtert

De Kammerchouer Skylark huet en Album mat enger hautzedaags ganz aktueller Thematik erausbruecht.
headphones

7 min

play_arrow

Minimal Music fir Sträichquartett

Deen neien Album "Ascension" vum italieenesche Komponist Filippo Cosentino mam Quartett Speranza
headphones

5 min

play_arrow

Liewegkeet mat engem Hauch vun Nostalgie

De Josep Vicent an den ADDA Simfónica Alicante hunn dem Alexander Scriabin seng drëtt Sinfonie mam Titel "Le Divin Poème" opgeholl.
headphones

9 min

play_arrow

D'Braatsch am Mëttelpunkt

De Braatschist Mathis Rochat presentéiert säin Instrument an dräi verschiddene Wierker: engem Arrangement, engem Concerto an an engem Concertante zesumme mat enger Solo-Gei.
headphones

6 min

play_arrow

authentique

Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
headphones

6 min

play_arrow

Vun de Karpaten op déi grouss Bün

Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
headphones

9 min

play_arrow

Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida

Den neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
headphones

7 min

play_arrow

Mozart, You Drive Me Crazy!

D'Sopranistin Golda Schultz begeeschtert mat hirer renger Stëmm voller Kraaft.
headphones

7 min

play_arrow

Suitte vum Dieupart a Bach

Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
headphones

5 min

play_arrow

Wann d'Feier brennt

Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
headphones

9 min

play_arrow

Jonken Duo voller Feier a Flam

De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
headphones

7 min

play_arrow

Folias Americanas

Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: De neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez.
headphones

5 min

play_arrow

Entdeckungen

De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
headphones

6 min

play_arrow

The Guitar Player

De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
headphones

5 min

play_arrow

Eklektesch, an awer vereent

Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxofon an de Piano.
headphones

7 min

play_arrow

E Prënz op der Gei

Den neien Album vum jonke Geiist Théotime Langlois de Swarte zesumme mam Kammerorchester “Le Consort”
headphones

5 min

play_arrow