Sot Emol
Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt
56 min
Wien huet net schonn op d’mannst eemol a sengem Liewen dru geduecht auszewanderen. Alles hanner sech ze loossen an iergendanzwousch anescht op der Welt nees quasi vu vir unzefänken. Mee meeschtens bleift et awer beim Gedanken, well fir de Schratt wierklech ze maachen, do gehéiert wuel méi dozou, wéi just Loscht ze hunn, anzwousch anescht ze liewen.
Den Invité huet awer Neel mat Käpp gemaach. De Stephan Quintus ass mat der ganzer Famill, senger Fra a senge véier Bouwen ausgewandert Dat schweedescht Lapland ass der Famill Quintus hir nei Heemecht ginn, an der Provënz Västerbotten, der Gemeng Sorsele, eng 110 Kilometer südlech vum arktesche Polarkrees ewech.
De Stephan Quintus erzielt dem Jean Claude Majerus, wéi déi ganz Famill en Dram an d‘Realitéit ëmgesat huet, a wéi hiert Liewe matten an der schweedescher Natur ausgesäit.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus