Europa Aktuell
Spuenien: Amnestie-Accord vum Pedro Sanchez an der Kritik
4 min
A Spuenie steet de Premier Pedro Sanchez kuerz virdrun, fir een zweet Mandat un der Spëtzt vun enger neier Regierung genannt ze ginn. De Sozialist huet Accorde gemaach, mat der Extrême gauche an och mat de baskeschen a katalaneschen Nationalisten.
Hien huet ënner anerem e Gesetz iwwer eng Amnestie versprach, déi d'Katalane fräisprieche géif, déi wéinst illegalen Aktiounen an Zesummenhank mat der Onofhängegkeets-Beweegung an dem Referendum am Joer 2017 verurteelt goufen. Datt de Pedro Sanchez hei esou wäit gaangen ass fir Konzessiounen ze maachen, trëfft deels op hefteg Kritik.
Episoden
EU-Kommissioun enquêtéiert géint Internet-Risen
Bréissel pocht drop, datt déi europäesch Reegele respektéiert ginn.
Portugal: Regioun Douro wiert sech géint d'Kris am Wäinsecteur
De portugisesche Wäin-Secteur ass an der Kris. De Konsum geet erof an d‘Präisser erop. Déi concernéiert Wënzer am Douro probéieren ze reagéieren.
Ukrain als neien EU-Member: Wéi séier kéint dat goen?
D'EU-Kommissioun recommandéiert, datt Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawie sollen opgeholl ginn. Wéi realistesch ass et, datt béid Länner Member vum Club ginn?
"Nettoyage social" virun den Olympesche Spiller?
Nächste Summer sinn zu Paräis déi Olympesch Spiller - am Virfeld géing elo schonn domat ugefaange ginn ze botzen - dat soen ONGen , déi virun engem "nettoyage social“ warnen.
Schengen-Raum: Grenz-Kontrolle kéinten zur Normalitéit ginn
D'Verhandlungen tëschent EU-Parlament a Memberlänner iwwer d'Reform vum Schengen-Raum fänken un. Gestridde gëtt virun allem iwwer Grenzkontrollen.
Spuenien: Sanchez kritt Support vu PS-Memberen
A Spuenie probéiert de Premier Pedro Sanchez eng nei Regierung ze forméieren. Gëschter huet eng Majoritéit vun de Membere vu senger sozialistescher Partei Jo zu sengem Koalitiouns-Accord gesot.
Deen Alen ass deen Neien
Den Dënschdeg huet de Bayresche Landtag de Markus Söder zum Minsiterpresident zeréckgewielt.
Belsch a Spuenien: Méi Flësseggas aus Russland
D'EU huet dëst Joer fir iwwer fënnef Milliarden Euro Flësseggas aus Russland akaf, dat ass méi wéi virum Ukrain-Krich. Spuenien huet am meeschte russeschen LNG importéiert. Duerno komme Frankräich an d'Belsch.
Eurodreams: Spill mat Aussiicht op Fréipensioun
Den Erléis vun der Lotterie Eurodreams ass fir ee gudden Zweck - mee d‘Konkurrenz mat anere Spiller ass grouss. An et gëtt och Kritik.
