Sot Emol
René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“
54 min
Haut gehéiert den Helikopter am Rettungsdéngscht zur Normalitéit. De SAMU an den Helikopter a soss d’Maschinne vun der Air Rescue: ouni dës sinn e modernen an adequate Rettungsdéngscht net méiglech. Datt mir eng Luxemburg Air Rescue hunn, dat ass haut nëmme Realitéit, well sech Mënschen dat an de Kapp gesat haten a sech déi Iddi net méi wollten huele loossen. Et waren nawell stuer Käpp, an ouni déi wier et och net gaangen. Ee vun hinnen, bei deem d’Iddi am Fong och gebuer ass, ass de René Closter.
1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen. De René Closter war 34 Joer laang President, Papp, Chef a gréissten Adept vun der Luxemburg Air Rescue mat eben engem stuere Kapp.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus