arrow_back_ios
Europa Aktuell
Portugal: Regioun Douro wiert sech géint d'Kris am Wäinsecteur
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
A Portugal stécht de Wäin-Secteur an enger Kris. 2022 huet sech d‘Land mat enger Produktioun vu 6,6 Mlliounen Hektoliter op där 10ter Plaz vun den Wäinproduzenten op der Welt plazéiert, wäit hannert Italien, Frankräich oder Spuenien. An der bekannter Wäin-Regioun vum Douro am Norde vum Land, wou och de Porto hierkënnt, ginn elo Mesure verlaangt, fir der Kris entgéint ze wierken.
Politik a Gesellschaft
Europa
Episoden
Ukrain als neien EU-Member: Wéi séier kéint dat goen?
D'EU-Kommissioun recommandéiert, datt Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawie sollen opgeholl ginn. Wéi realistesch ass et, datt béid Länner Member vum Club ginn?
"Nettoyage social" virun den Olympesche Spiller?
Nächste Summer sinn zu Paräis déi Olympesch Spiller - am Virfeld géing elo schonn domat ugefaange ginn ze botzen - dat soen ONGen , déi virun engem "nettoyage social“ warnen.
Schengen-Raum: Grenz-Kontrolle kéinten zur Normalitéit ginn
D'Verhandlungen tëschent EU-Parlament a Memberlänner iwwer d'Reform vum Schengen-Raum fänken un. Gestridde gëtt virun allem iwwer Grenzkontrollen.
Spuenien: Sanchez kritt Support vu PS-Memberen
A Spuenie probéiert de Premier Pedro Sanchez eng nei Regierung ze forméieren. Gëschter huet eng Majoritéit vun de Membere vu senger sozialistescher Partei Jo zu sengem Koalitiouns-Accord gesot.
Deen Alen ass deen Neien
Den Dënschdeg huet de Bayresche Landtag de Markus Söder zum Minsiterpresident zeréckgewielt.
Belsch a Spuenien: Méi Flësseggas aus Russland
D'EU huet dëst Joer fir iwwer fënnef Milliarden Euro Flësseggas aus Russland akaf, dat ass méi wéi virum Ukrain-Krich. Spuenien huet am meeschte russeschen LNG importéiert. Duerno komme Frankräich an d'Belsch.
Eurodreams: Spill mat Aussiicht op Fréipensioun
Den Erléis vun der Lotterie Eurodreams ass fir ee gudden Zweck - mee d‘Konkurrenz mat anere Spiller ass grouss. An et gëtt och Kritik.
