arrow_back_ios
Europa Aktuell
Portugal: Diskussioun iwwer Korruptioun nei lancéiert
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Konzessioune fir Lithium a grénge Waasserstoff, genee wéi ee Kontrakt fir d‘Installatioun vun engem Daten-Zenter, stinn am Mëttelpunkt vun enger Korruptiounsaffär a Portugal, déi de Premier Antonio Costa gezwongen huet ze demissionéieren. Hie gouf net ugeklot, mee seng politesch Karriär gouf akut ofgebremst. D‘Korruptioun ass elo een zentraalt Theema en vue vun de Walen am Fréijoer d‘nächst Joer.
Politik a Gesellschaft
Europa
Episoden
No bal 20 Joer EU-Rotssëtzungen: Jean Asselborn seet Äddi
De Jean Asselborn hat no bal 20 Joer seng lescht Reunioun vum EU-Ministerrot. Wéi kuckt hien zeréck?
Spuenien: Amnestie-Accord vum Pedro Sanchez an der Kritik
A Spuenie gouf de Weekend géint Konzessioune protestéiert, déi de Premier Sanchez vis-à-vis vu Separatisten gemaach huet.
EU-Kommissioun enquêtéiert géint Internet-Risen
Bréissel pocht drop, datt déi europäesch Reegele respektéiert ginn.
Portugal: Regioun Douro wiert sech géint d'Kris am Wäinsecteur
De portugisesche Wäin-Secteur ass an der Kris. De Konsum geet erof an d‘Präisser erop. Déi concernéiert Wënzer am Douro probéieren ze reagéieren.
Ukrain als neien EU-Member: Wéi séier kéint dat goen?
D'EU-Kommissioun recommandéiert, datt Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawie sollen opgeholl ginn. Wéi realistesch ass et, datt béid Länner Member vum Club ginn?
"Nettoyage social" virun den Olympesche Spiller?
Nächste Summer sinn zu Paräis déi Olympesch Spiller - am Virfeld géing elo schonn domat ugefaange ginn ze botzen - dat soen ONGen , déi virun engem "nettoyage social“ warnen.
Schengen-Raum: Grenz-Kontrolle kéinten zur Normalitéit ginn
D'Verhandlungen tëschent EU-Parlament a Memberlänner iwwer d'Reform vum Schengen-Raum fänken un. Gestridde gëtt virun allem iwwer Grenzkontrollen.
Spuenien: Sanchez kritt Support vu PS-Memberen
A Spuenie probéiert de Premier Pedro Sanchez eng nei Regierung ze forméieren. Gëschter huet eng Majoritéit vun de Membere vu senger sozialistescher Partei Jo zu sengem Koalitiouns-Accord gesot.
Deen Alen ass deen Neien
Den Dënschdeg huet de Bayresche Landtag de Markus Söder zum Minsiterpresident zeréckgewielt.
Belsch a Spuenien: Méi Flësseggas aus Russland
D'EU huet dëst Joer fir iwwer fënnef Milliarden Euro Flësseggas aus Russland akaf, dat ass méi wéi virum Ukrain-Krich. Spuenien huet am meeschte russeschen LNG importéiert. Duerno komme Frankräich an d'Belsch.
Eurodreams: Spill mat Aussiicht op Fréipensioun
Den Erléis vun der Lotterie Eurodreams ass fir ee gudden Zweck - mee d‘Konkurrenz mat anere Spiller ass grouss. An et gëtt och Kritik.
