De Paul Kirps ass e Kënschtler, deem seng Wierker een ënner anerem an de Kollektioune fënnt vum MUDAM, dem Musée d’Art Modern Grand-Duc Jean hei zu Lëtzebuerg, vum Museum für Gestalltung zu Zürech an der Schwäiz an awer och vum ganz renomméierte MoMA, dem Museum of Modern Art vun New York.
De Paul Kirps huet op der ECAL, der École cantonale d’art zu Lausanne an der Schwäiz studéiert an hien huet en Diplôme en Communication visuelle gemaach.