Radioen

On air

De Moien  |  Editioun 7h16

play_arrow Live
arrow_back_ios

Europa Aktuell

100komma7.lu / Europa Aktuell

/ P-Fas: Een europäesche Problem

P-Fas: Een europäesche Problem

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

P-Fas, dat ass de Kierzel fir eng Famill vu cheemesche Substanzen, déi a ville Produiten aus dem alldeegleche Liewen dra sinn: Kleeder, Kosmetik-Artikelen oder awer och de Schaum, fir Feier ze läschen. Déi Substanze si ganz nëtzlech, mee och geféierlech fir d‘Ëmwelt a fir d‘Gesondheet.
Si stinn am Mëttelpunkt vun engem politesche Skandal an der Belsch, wou Journalisten opgedeckt hunn, datt Drénkwaasser plazeweis zanter Joren extreem belaascht ass, d‘Autoriéiten awer näischt ënnerholl hunn. Et ass net déi éischte Kéier, datt net séier genuch par rapport zum Risiko, dee P-Fas duerstelle, reagéiert gëtt - et handelt sech éischter ëm een europäesche Problem.

Politik a Gesellschaft
Europa

Episoden

Een net ganz appetittleche Cocktail

D'Chemikalien PFAS a Glyphosat sinn dës Woch erëm op der europäescher Menuskaart gelant. Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kommentéiert.
headphones

5 min

play_arrow
Nicolas Schmit als Spëtzekandidat vun den EU-Sozialisten: Nach ee laange Wee

Nicolas Schmit als Spëtzekandidat vun den EU-Sozialisten: Nach ee laange Wee

Den Nicolas Schmit huet Ambitioune fir Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialisten ze ginn. Wéi gutt sti seng Chancen?
headphones

6 min

play_arrow
Polen: Waarden op déi nei Regierung | © picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel

Polen: Waarden op déi nei Regierung

Déi liberal Oppositioun a Polen hofft op Verännerungen. Dat betrëfft virun allem och d'Zivilgesellschaft. Mee et ass nach Gedold gefrot.
headphones

4 min

play_arrow

Portugal: Diskussioun iwwer Korruptioun nei lancéiert

A Portugal steet d'Enquête iwwer d'Korruptiouns-Affär nach ganz um Ufank, nodeems de Premier Antonio Costa demissionéiert huet.
headphones

4 min

play_arrow

No bal 20 Joer EU-Rotssëtzungen: Jean Asselborn seet Äddi

De Jean Asselborn hat no bal 20 Joer seng lescht Reunioun vum EU-Ministerrot. Wéi kuckt hien zeréck?
headphones

5 min

play_arrow

Spuenien: Amnestie-Accord vum Pedro Sanchez an der Kritik

A Spuenie gouf de Weekend géint Konzessioune protestéiert, déi de Premier Sanchez vis-à-vis vu Separatisten gemaach huet.
headphones

4 min

play_arrow

EU-Kommissioun enquêtéiert géint Internet-Risen

Bréissel pocht drop, datt déi europäesch Reegele respektéiert ginn.
headphones

0 min

play_arrow

Portugal: Regioun Douro wiert sech géint d'Kris am Wäinsecteur

De portugisesche Wäin-Secteur ass an der Kris. De Konsum geet erof an d‘Präisser erop. Déi concernéiert Wënzer am Douro probéieren ze reagéieren.
headphones

4 min

play_arrow

Ukrain als neien EU-Member: Wéi séier kéint dat goen?

D'EU-Kommissioun recommandéiert, datt Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawie sollen opgeholl ginn. Wéi realistesch ass et, datt béid Länner Member vum Club ginn?
headphones

6 min

play_arrow

"Nettoyage social" virun den Olympesche Spiller?

Nächste Summer sinn zu Paräis déi Olympesch Spiller - am Virfeld géing elo schonn domat ugefaange ginn ze botzen - dat soen ONGen , déi virun engem "nettoyage social“ warnen.
headphones

4 min

play_arrow

Schengen-Raum: Grenz-Kontrolle kéinten zur Normalitéit ginn

D'Verhandlungen tëschent EU-Parlament a Memberlänner iwwer d'Reform vum Schengen-Raum fänken un. Gestridde gëtt virun allem iwwer Grenzkontrollen.
headphones

4 min

play_arrow

Spuenien: Sanchez kritt Support vu PS-Memberen

A Spuenie probéiert de Premier Pedro Sanchez eng nei Regierung ze forméieren. Gëschter huet eng Majoritéit vun de Membere vu senger sozialistescher Partei Jo zu sengem Koalitiouns-Accord gesot.
headphones

4 min

play_arrow