Europa Aktuell
Lescht Ried zur Lag vun der Unioun virun den Europawalen
5 min
D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun hält haut hir Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun. Fir d‘Ursula vun der Leyen ass et déi leschte Kéier, datt si virun den Europawahlen deen Exercice mécht.
Et gëtt erwaart, datt si de Bilan zitt vun hirer Aarbecht. Haaptsujete wäerten de Krich an der Ukrain, d'Migratioun an d’Klimapolitik sinn. Zil wier et net, nei Gesetzer ze annoncéieren, esou gëschter ee Vertrieder vun der Kommissioun. Mee d‘Ursula vun der Leyen wäert d‘Richtung opweise fir déi zukënfteg EU-Politik.
Aschätzunge vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
Presentateur
- Daniele Weber
Episoden
Retour op de Qatargate
De Sandro Calderon vun der RTBF kuckt sech un, wat sech an der Korruptiouns-Affär bannent engem Joer gedoen huet.

Luc Frieden mécht Versprieche bei der NATO
Lëtzebuerg engagéiert sech bannent zéng Joer zwee Prozent vu sengem RNB fir d‘Depense auszeginn, esou de Luc Frieden géintiwwer dem NATO-Generalsekretär.

EU-Asylpak: Accord en vue?
EU-Parlament a Memberlänner verhandelen iwwer d'Reform vum EU-Asylsystem. Et wier een no dru sech eens ze sinn, heescht et elo.

Méi streng EU-Reegele fir Déierentransporter
Méi kuerz Transporter, mat klore Reegele fir waarm a kaalt Wieder: D'Reegle fir d'Déierentransporter solle verschäerft ginn.

Digitalen EU-Permis kënnt, och zu Lëtzebuerg
D'Meenungen ginn awer nach bei verschiddene Punkten auseneen. Déi nei Reegele mussen nach mam Europaparlament diskutéiert ginn.

Budgetskris an Däitschland: Sozial Mesurë kéinte gekierzt ginn
D’Ampelregierung zu Berlin huet sech an eng Budgetskris manövréiert. 17 Milliarden Euro muss den däitsche Staat opdreiwen - et kéint op Käschte vun deenen Äermste goen.
COP28: d'Europäer (oneens) zu Dubai
Wann et ëm d'Klima geet, zéien déi 27 EU-Memberstaaten net ëmmer un engem Strang.

Dat laangt Waarden op d'EU
D‘EU wëllt wuessen, léisst awer déi, déi wëllen erakommen, zimmlech laang vrun der Dier stoen. Wat soen déi, déi grouss Erwaardungen un d'EU hunn dozou?

Éischte Besuch vum Luc Frieden zu Bréissel
Lëtzebuerg ass dofir, datt d'EU-Bäitrëttsgespéicher mat der Ukrain opgeholl ginn, esou de Luc Frieden no enger Entrevue mat der Kommissiounscheffin.

NATO: Schwede sëtzt weider op der Bänk
D'Tierkei blockéiert nach ëmmer d'Demande vu Schwede fir Member vun der Nato ze ginn. D'Alliéiert erhéichen elo den Drock.

Georges Mischo: Lëtzebuerger Positioun bleift déi nämmlecht
Op senger éischter Reunioun op EU-Niveau huet de Lëtzebuerger Aarbechtsminister et mat engem alen Dossier ze dinn: der Koordinaitoun vun de Securité Sociale Systemer.

London: Sport als Preventioun géint Gewalt duerch Messerattacken
Wéi d'Associatioun Steel Warriors mat Sport géint d'Gewalt wëllt virgoen. Ee Reportage aus Lambeth am Süde vu London
Schockwellen aus Holland
D’Resultat vun de Parlamentswalen an Holland deet Europa schudderen.
EU-Anti-SLAPP-Gesetz kéint u Substanz verléieren
Dat geplangten Anti-SLAPP-Gesetz, dat soll verhënneren, datt Geriichtsprozedure lancéiert gi fir Leit anzeschüchteren, steet ënner Drock.
EU-Parlament verwerft nei Reegele fir Pestiziden
Eng Majoritéit am EU-Parlament seet Neen zur Propos vun der EU-Kommissioun, den Asaz vu Pestizide bis 2030 ëm 50 Prozent ze reduzéieren.
EU wëllt Verpackungsdreck reduzéieren
D'Europaparlament stëmmt iwwer nei Reegele fir d‘Verpackungen of.

Wéi pro-europäesch ass schwaarz-blo?
De Koalitiounsaccord vun der neier Regierung ass public. Wat ännert an der EU-Politik?

P-Fas: Een europäesche Problem
P-Fas steet fir eng Famill vu cheemesche Substanzen, déi net onbdenklech fir Mënsch an Emwelt sinn. Déi Gefor gouf dacks ënnerschat.
Een net ganz appetittleche Cocktail
D'Chemikalien PFAS a Glyphosat sinn dës Woch erëm op der europäescher Menuskaart gelant. Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kommentéiert.

Nicolas Schmit als Spëtzekandidat vun den EU-Sozialisten: Nach ee laange Wee
Den Nicolas Schmit huet Ambitioune fir Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialisten ze ginn. Wéi gutt sti seng Chancen?
