Kultur um 5
Kultur um 5
55 min
Och haut kucke mer am Kultur um 5 nees op de CinEast, de Film-Festival fir mëttel- an osteuropäesch Filmer. De Michel Delage huet nees e puer Filmer derbäi, déi hien déi lescht Deeg gesinn huet.
Da gi mer iech nach e klenge Concerts-Tipp mat op de Wee. Den Owend spillt nämlech déi Lëtzebuerger Musekerin Florence Besch am Gudde Wëllen an der Stad. De Marc Clement hat d'Geleeënheet mat hier driwwer ze schwätzen.
An da stelle mer iech nach d'Ausstellung “How to cut an apple?” fir, déi aktuell an der Galerie Dominique Lang zu Diddeleng ze gesinn ass. D'Kerstin Thalau huet mat der Kënschtlerin dohannert, der Suzan Noesen driwwer geschwat.
Presentéiert vum
- Pit Walté
Episoden
Kultur um 5
Theemen haut: Eng Expo an der Villa Vauban, eng Rees duerch d'Lëtzebuerger Poesie an eng gréng Maschinn
Kultur um 5
Theemen haut: D'Wuert vun der Woch, nei Musek vun Airship81 an eng nei Installatioun am Mudam
Kultur um 5
Theemen haut: De Concert vu Girls in Hawaii an der Rockhal an déi nei Filmer am Kino
Kultur um 5
Theemen haut: den 30. Doudesdag vum Frank Zappa an eng Buchkritik vum Claude Schmit sengem neie Wierk
Kultur um 5
Theemen haut: De Laureat vum Prix Grand-Duc Adolphe vum CAL, de Julien Hübsch an eng Buchkritik zum Kito Lorenc sengem Wierk ”Es war nicht die Zeit”
Kultur um 5
Theemen haut: D'Lëtzebuerger Literaturgeschicht an den Doud vum Shane McGowan
Kultur um 5
Concert de Midi, nei Musek vun der Johanna Burnheart, den Hotel Cravat an d’Geschicht vum “Ghostcatcher"
Kultur um 5
Theemen haut: Nei Filmer an de Kinoen an den 80. Gebuertsdag vum amerikanesche Museker Randy Newman
Kultur um 5
Theemen haut: D'News aus der Kultur, e Gespréich mat der Buchpräis-Laureatin Germaine Goetzinger an den Doud vum Killing-Joke-Gittarist Kevin Walker
Kultur um 5
Theemen haut: Eng Ausstellung am Cercle Cité an d'Auditioune fir den Eurovision Song Contest
Kultur um 5
Theemen haut: Den Doud vum Armand Strainchamps, en Interview mam däitsche Museker Jochen Distelmeyer an eng Oper am Stater Conservatoire
Kultur um 5
Theemen haut: Dem Jean Back säi Buch "Nuebelschnéier", e Concert muer vu Cosmokramer, d'Wuert vun der Woch an eng Ausstellung am Casino
Kultur um 5
Theemen haut: Nei Filmer am Kino, Musek, déi ee schenke kann an d'Kollektioun vum Mudam
Kultur um 5
Theemen haut: De Réckbléck op d'Walfer Bicherdeeg an de Lëtzebuerger Buchpräis an de Bléck no vir, op dat wat dës Woch an den Theatere lass ass.
Kultur um 5
Haut mat virop der Fro: Wie sinn d’Lëtzebuerger Buchpräis-Laureaten a -Laureatinnen? Donieft héiert Dir e Bäitrag iwwer dem Jeff Tweedy säi Buch "World Within One Song". A mir schwetzen iwwer de Konschtprojet No Church in the Wild.
![Kultur um 5](/_default_upload_bucket/117616/image-thumb__117616__base_thumbnail/Traumzeit_2014_Lambert_03_1.06156ad5.jpg)