Kultur um 5
Kultur um 5
55 min
“Bienvenue à la Villa!” ass eng Ausstellungsserie an där d'Villa Vauban weist, wéi eng Wierker an de leschte Joren de Wee an hir Sammlung fonnt hunn. Mat Fotografien, Skulpturen a Molereie si bei der zweeter Editioun 41 Kënschtler a Kënschtlerinne mat dobäi. De Joé Birchen huet Andréck vun dëser Expo mat derbäi.
Zum Theema musikalesch Zäitrees duerch déi Lëtzebuerger Poesie gëtt et de Samschdeg Owend e Concert am Kulturhaus zu Miersch. De Luc Boentges konnt sech mat de Kënschtlerinnen dohannert ënnerhalen.
“Green machine oder die Dinge der Anderen”, dat ass den Numm vun enger Expo, déi aktuell an der Escher Konschthal ze gesinn ass. D'Kerstin Thalau huet sech mam Ben Greber, dem Kënschtler ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Pit Walté