Sot Emol
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul
55 min
Dem Schauspiller, gebierteg vun Useldéng, ass et am Fong egal, ob hie fir den Theater, de groussen Ecran oder d'Televisioun op der Bün steet. An zanter ganz laange Joren ass hien och mam Virus vun der Inzenéierung ugestach an huet als Regisseur déi aner Säit kennegeléiert. En anert Uleies war him, säi Wëssen a Kënne weiderzeginn an hat direkt e puer Statiounen als Enseignant. Ernimme kann een och nach, datt "Stadtklinik", eng Spidolserie um däitschen RTL, ëmmerhin zéng Staffele laang gelaf ass.
De Jean Paul Raths huet seng Schauspillformatioun op der Hochschule fir Musik und Schauspiel zu Hamburg gemaach, a speziell war, datt hien ouni weider Theatererfarung do opgeholl gouf.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus