Sot Emol
Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun
Musical ass eng ganz beléifte Konschtform. E Musical erzielt eng Geschicht, et kritt een alles gebueden: Gesang, Theater, Danz. Et gesäit alles esou liicht aus, mee hannendru stécht onheemlech vill Aarbecht. An éier et fir e Musicalacteur oder eng Musicalactrice iwwerhaapt op d’Bün geet, steet fir d’éischt eng zolidd Formatioun am Mëttelpunkt. Well wann ee gutt sange kann, huet ee vläicht Lacunnen am Danzen, wann een Danze kann, huet een der vläicht am Schauspill, a wann ee gutt am Schauspill aus, kann ee vläicht manner gutt Sangen. Deen ee kann eben dat eent, deen aneren dat anert besser.
D’Hannah Noack huet Musical, Vokalpädagogik a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir eis méi iwwer d’Musicalwelt ze erzielen. Wéi et ass op der Bün ze stoen, wéi et ass, wann no de Prouwen alles wéideet, a wéi et ass, aneren dat weider ze ginn, wat ee selwer weess.
Aktuell ass d’Hannah Noack Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie an der Musekschoul vu Käerjeng.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus