Klassik Album vun der Woch
Eklektesch, an awer vereent
7 min
De roude Fuedem vum Album "Bird Spirit Dreaming"
All Komponist huet seng eege kompositoresch Handschrëft, an awer loosse sech hir Wierker wonnerbar op engem Album kombinéieren.
Esou schaffen zum Beispill de Peter Sculthorpe an de Ross Edwards mat imitéierten Naturgeräischer (Vugelgesang) an de Matthew Hindson mat véierels Téin an arabesche Kläng. De Matthew Orlovich baut jazzeg, bal Bebop-aarteg Elementer a seng Kompositioun an. Et sinn och süd-ost-asiatesch Harmonien op dësem Disk erauszehéieren.
Wat d’Stécker all verbënnt ass eendeiteg d’Besetzung an d’Thematik: An alle Wierker ass de Saxofon zesumme mam Piano ze héieren. An jazzeg ugehaucht sinn déi meescht Kompositiounen och.
Doriwwer eraus schéngen déi sechs Komponisten eng staark Verbonnenheet zur Natur an zu de Kulture vun dëser Welt ze spieren. Dat léisst sech net nëmme klanglech op dësem Disk novollzéien, mee och an de Biographië vun de jeeweilege Komponisten. Domat weist dësen Album och, wat d’Komponisten op der anerer Säit vun der Welt beschäftegt, begeeschtert an inspiréiert.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
Véier Hänn, puer Liewensfreed
Wann d’Schwësteren Danae a Kivali Dörken zesummen um Piano spillen, heescht dat 100 Prozent Energie!
Klassik Album vun der Woch
De Pianist Oliver Triendl huet schonn iwwer 100 Albume mat Musek vun onbekannte Komponisten a Komponistinnen aus der Romantik opgeholl.
Dem Bruckner seng Welt
Als grousse Sinfoniker bekannt, mee als Kierchemuseker ugefaangen.
Analytesch, kohärent a mat enger grousser Transparenz
Deen éischten Album vum Pianist Tingshuo Yang
Kloer Stëmmen an der Däischtert
De Kammerchouer Skylark huet en Album mat enger hautzedaags ganz aktueller Thematik erausbruecht.
Minimal Music fir Sträichquartett
Deen neien Album "Ascension" vum italieenesche Komponist Filippo Cosentino mam Quartett Speranza
Liewegkeet mat engem Hauch vun Nostalgie
De Josep Vicent an den ADDA Simfónica Alicante hunn dem Alexander Scriabin seng drëtt Sinfonie mam Titel "Le Divin Poème" opgeholl.
D'Braatsch am Mëttelpunkt
De Braatschist Mathis Rochat presentéiert säin Instrument an dräi verschiddene Wierker: engem Arrangement, engem Concerto an an engem Concertante zesumme mat enger Solo-Gei.
authentique
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Den neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Mozart, You Drive Me Crazy!
D'Sopranistin Golda Schultz begeeschtert mat hirer renger Stëmm voller Kraaft.
Suitte vum Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: De neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez.
Entdeckungen
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
Eklektesch, an awer vereent
Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxofon an de Piano.
E Prënz op der Gei
Den neien Album vum jonke Geiist Théotime Langlois de Swarte zesumme mam Kammerorchester “Le Consort”
- 1
- 2