Bewosst Gesond
Eist Iessverhalen an den Impakt vun de soziale Medien
12 min
Enger rezenter Etude no benotzen 93 Prozent vun de Leit den Internet fir Gesondheetsinformatiounen ze sichen, besonnesch iwwer Ernärungstheemen.
Op de soziale Medie schéngt et dacks genuch duerzegoe Saachen als bewisen ze akzeptéieren, wann ee se mat sengen eegenen Erfarunge beleet. Et zirkuléieren eng Onmass Ernärungstrends, déi behaapten d‘Allheelmëttel géint verschidde Krankheeten ze sinn.
“Fir vill Blogger/Influencer bestëmmt d’Iessen hir Stëmmung. Verschidde wëssenschaftlech Studien aus de leschte Jore weisen, datt immens vill Blogger eng problematesch Relatioun zum Iessen hunn an ongeféier d‘Hallschent weisen Unzeeche vun enger klinescher Iessstéierung”.
Mee vill Influencer si sech net iwwer de potentielle Schued bewosst, dee si bei de Leit kënne verursaachen.
Mat der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin diskutéier mir iwwer dës Froen:
Wéi kann een ëmgoe mat deem Ernärungs-Social-media-Trend?
Wéi beaflossen déi sozial Medien eis d’Gehier?
Wat si Social Media Bubbles?
Wéi ass et mam Gesondheetsaspekt vu villen Social Media Posts?
An et gi Beispiller vu prominente Leit, déi bestëmmt Ernärungstrends förderen.
Presentéiert vum
- Angie Maquil